Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 150 Pompjeeën op Teneriffa mat Läschaarbechten amgaang

Bëschbrand

150 Pompjeeën op Teneriffa mat Läschaarbechten amgaang

Op Teneriffa brennt nees de Bësch. Betraff ass virun allem den Norde vun der Kanaren-Insel. Ronn 2.600 Mënsche goufe präventiv evakuéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/TNN | Patrick Kerber
Foto: picture alliance/dpa/TNN | Patrick Kerber

Op och Touristen drënner sinn ass net bekannt. Den Autoritéiten no handelt et sech ëm eng Reaktivéierung vun deem Feier, dat am August am Norden an Nordoste vun Teneriffa ronn 15.000 Hektar Natur zerstéiert hat. Den Ament géifen 150 Pompjeeë géint d‘Flame kämpfen. D‘Läschaarbechte wieren awer net einfach. D‘Temperaturen op der Insel leien aktuell knapp ënner 40 Grad, bei staarkem Wand a wéineg Loftfiichtegkeet.