Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 15 Joer Bitcoin: Wéi zouverlässeg ass d'Kryptowärung mëttlerweil?

Digital Wärung

15 Joer Bitcoin: Wéi zouverlässeg ass d'Kryptowärung mëttlerweil?

No 15 Joer erlieft de Bitcoin ëmmer nach extreem Schwankungen. Och wann et der haut manner sinn, wéi a sengen Ufäng, betount de Krypto-Expert Gilbert Fridgen. Trotz sengen Héichten an Déiften, hu genuch Leit dat néidegt Vertrauen an des Digital Wärung. Verschiddener gesi se souguer als “Weltwärung”.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

play_arrow

Viru 15 Joer, gouf de Bitcoin als Reaktioun op d’Bankekris, 2008 vun "Satoshi Nakamoto" entwéckelt. Wien dat ass an ob et sech do ëm eng eenzel Persoun oder eng Grupp handelt, ass bis haut net gewosst. Zil war et, sech vum traditionelle Finanzsystem, deen déi Zäit op der Kipp stoung, lasszeléisen.

Bitcoine ginn net vu Finanzautoritéiten hiergestallt, mee dezentral geschürft. A priori, kéint jidderee bei sech doheem Bitcoine berechnen, wann een dat néidegt Material huet.

Faire Wettbewerb?

Do muss een allerdéngs bedenken, datt ee mat grousse Server-Firme konkurréiert an de Succès bei sech doheem zimmlech geréng ass, erkläert de Gilbert Fridgen. An deem Sënn léisst sech also zum Beispill driwwer streiden, wéi fair, d’Schürfe vu Kryptowärung wierklech ass.

Fir d’Bitcoine gëllt awer t’selwecht wéi fir klassesch Wärung, wat méi dovu produzéiert gëtt, wat de Wäert riskéiert erof ze goen. Dofir gouf e maximal Betrag vun 21 Millioune Bitcoine festgeluecht, déi dierfe produzéiert ginn. Dee Montant wäert awer net an des nächsten 100 Joer erreecht ginn.

Grousst Vertrauen trotz Kontrovers

De Bitcoin ass also eng digital Wärung, déi een net an de Grapp kann huelen an déi och mol extreem Cours-Schwankungen huet. An awer, hunn d’Leit Vertrauen dran.

De Gilbert Fridgen erkläert sech dat doduerch, datt et och eng grouss Grupp vu Cyberpunke gëtt, déi aus idealistesche Grënn de Bitcoin als “Weltwärung” vun der Zukunft gesinn, an d’Welt méi gerecht soll maachen. Och soss géifen ëmmer méi Leit a Kryptowärung eraklammen, well se gesinn, datt d'Coursë klammen.

Obwuel de Bitcoin, doduerch datt a priori jiddereen en hierstelle kann, als Schatzgrouf fir Hacker gesi gëtt, ass et an deene 15 Joer nach kengem gelongen, de en ze fälschen.

Bei de Finanzautoritéiten ëmstridden

An den USA huet d’Bourse-Autoritéit Uganks Januar Bitcoin Fongen erlaabt. Dat wéinst enger Néierlag an enger Geriichtsaffär. D’Autoritéit warnt trotzdeem virun de Risikoen.

Vun der Europäescher Zentralbank huet bis elo nach keng Zouloossung. De Gilbert Fridgen, fënnt, et wier awer net verkéiert, sech domat auserneen ze setzen. De Bitcoin fir sech, sollt zwar net als Léisung gesi ginn. D’Technologie derhannert hätt awer vill Potenzial.

De Krypto-Expert réit de Leit sech gutt ze informéieren éier se a Kryptowärung investéieren an opzepassen, datt se dat op europäesche Plattforme maachen, an net iwwer Drëttstaaten.

Lauschterenplay_arrow