Radioen

On air

Notturno  |  Judee Sill - There's a Rugged Road

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 140 réimesch Mënzen am Éislek entdeckt

"Aussergewéinlech Entdeckung"

140 réimesch Mënzen am Éislek entdeckt

Zu Holztem am Éislek goufe Relikter vu spéitréimesche Strukturen, grad ewéi ronn 140 réimesch Mënzen aus der 2. Hallschent vum 4. Joerhonnert fonnt. Dat äntwert de Kulturminister Eric Thill op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. 

auto_stories

1 min

© INRA
Foto: INRA

Op de Mënze sinn Ofbiller vun 9 réimesche Keeseren. De Minister schwätzt vun enger "aussergewéinlecher" Entdeckung fir eist Land an eist Verständnis vun der spéitréimescher Epoch an eiser Regioun an an Europa.

De Staat huet d‘Fondstécker dofir och ofkaf. Déi archeologesch Fouillë goufen déi lescht véier Joer gemaach, bis haut awer net kommunizéiert, fir Vandalismus ze verhënneren, esou nach de Minister. D‘Opschaffe géif nach eng Zäit daueren.