Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 100 Milliounen Dollar: USA seet weider Militärhëllef un d'Ukrain zou

USA-Ukrain

100 Milliounen Dollar: USA seet weider Militärhëllef un d'Ukrain zou

D‘USA hu weider Militärhëllef an Héicht vun 100 Milliounen Dollar fir d‘Ukrain zougesot. Dorënner Loftofwierrakéiten, Himars-Rackéitewerfer an Artilleriemunitioun. 

auto_stories

1 min

D‘Hëllef kënnt aus Fongen déi schonn accordéiert waren, allerdéngs gëtt déi amerikanesch Militärhëllef momentan duerch de Budgetssträit am Kongress ausgebremst. Den amerikanesche Verdeedegungsminister Loyd Austin hat dem ukrainesche Präsident Selenskiy gëschter zu Kiew de weider Support vun den USA zougesot.