Déi Lëtzebuerger Investitiounsbank iwwerhëlt de Prêt zu 80 Prozent, déi eege Bank brauch dann nëmmen 20 Prozent ze iwwerhuelen. Dofir huet d‘SNCI eng Enveloppe vun 100 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt. Déi Prête gi fir maximal fënnef Joer verginn, mat enger sougenannter „période de grâce“ vun zwee Joer, ier de Prêt muss zréckbezuelt ginn.
Domat sollen d‘Entreprisen an der aktueller Kris am Bausecteur sou flexibel wéi méiglech kënne bleiwen, heescht et am Communiqué vum Finanzministère.