Haut den Owend ass déi éischt Editioun vun der Kannerradionuecht. Vu siwen Auer u kënne jonk an al mam Tessy Steffen Koenig an dem Jean-Claude Majerus Erfindungen, Robotere mat Geschichten, Experimenter, Ausstellungen an alles zum Theema Wëssenschaft entdecken. Och Kannerreporter an e ganz geckege Professer ginn den Owend erwaart.
Eng Weltpremière
Zu der Première vun der Kannerradionuecht passt natierlech och, datt eng richteg Weltpremière an der Sendung presentéiert gëtt. D’Lauschterstéck vum Jhemp Hoscheit senger Geschicht “Den Eppes” wäert déi alleréischte Kéier am Radio diffuséiert ginn.
“Den Eppes” ass e klenge Spillsaache-Roboter, deen um Tipp lant, well kee méi mat esou enger “aler Spillsaach” spille wëllt. Traureg a futti läit hien op der Wiss, bis déi zwou lëschteg Feldmais Surri an Ulma hie fannen. Si bréngen hie mat ale Batterien erëm un d’Liewen.
D’Buch gouf 2013 vum Jhemp Hoscheit verëffentlecht zesumme mat Editions Binsfeld. D’Vertounung gouf vum radio 100,7 an Optrag ginn a gëtt den Owend op der Antenn déi éischte Kéier dem Public gewisen.
Reunioun bei der Opnam
D’Vertounung vum Jhemp Hoscheit senger Geschicht gouf zu Berlin realiséiert. Do koum et och zu enger glécklecher Reunioun tëschent dem Produzent Martin Engler an dem Spriecher Steve Karier a Kimberly Darcy-Mae. Déi dräi kenne sech a wiere frou gewiescht, dëse Projet zesummen unzegoen.
D’Kimberly Darcy-Mae betount, déi zwee hätten him schonn am Schauspill gehollef. Aktuell ass d’jonk Lëtzebuergerin op der Universität der Künste zu Berlin fir Schauspillerin ze ginn. Eng reng Tounopnam wier fir hatt “eng ganz aner Aarbecht”, mee et kéint ee villes vum Schauspill mat eriwwer huelen.
Kino am Kapp
Déi dräi si sech op engem Punkt besonnesch eeneg: Et ass een zefridde mam Resultat. E Lauschterstéck soll Biller am Kapp provozéieren, et soll ee beim Nolauschteren e Bild am Kapp hunn, ouni op en Ecran mussen ze kucken.
Et sollen Ureegunge ginn, déi d’Kreativitéit un d’Rulle bréngen, verzielt de Jhemp Hoscheit. Hie wier begeeschtert gewiescht, wéi hie vun der Vertounung vu senger Geschicht héieren hätt. Et wier wéi eng nei Aventure fir säi Roboter.
Den Interview mam Steve Karier a Martin Engler: