Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 10 Persoune stierwe bei israeelescher Attack op d'Westjordanland

Noen Osten

10 Persoune stierwe bei israeelescher Attack op d'Westjordanland

Bei israelesche Loftattacke sinn am Norde vum besate Westjordanland 10 Persounen ëm d‘Liewe komm. Dat mellt e Spriecher vum palästinensesche Roude Kräiz.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

Déi israeelesch Arméi huet hënt mat enger gréisserer Operatioun am besate Westjordanland ugefaangen a schwätzt vun enger "Anti-Terrorismus-Aktioun". D'Stad Dschenin soll lokale Medien no mat Militärgefierer komplett ofgerigelt gi sinn. Och Klinicken an Ambulanze sollen den Ament blockéiert sinn.

Hoffnung matzen an der Gewalt am Noen Oste gouf et awer nach den Dënschdeg, nodeems eng Geisel aus engem Tunnel vun der islamistescher Hamas konnt befreit ginn. Den 52 Joer ale Beduine gouf an eng Klinik bruecht a soll israeeleschen Aussoen no gesond sinn.