Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 1.247 Reklamatioune goufen 2022 vun der Ombudsman traitéiert

Rapport vum Claudia Monti

1.247 Reklamatioune goufen 2022 vun der Ombudsman traitéiert

1.247 Reklamatiounen, dovunner 186 net recevabel, huet d’Ombudsman Claudia Monti am Joer 2022 traitéiert. De Moien huet si hire Rapport an der Chamber presentéiert. Dat mat iwwer engem hallwe Joer Verspéidung, ënnert anerem fir d’Gemengen- a Chamberwalen ze ëmgoen.

auto_stories

1 min

Den Ombudsman soll jo dem Bierger zur Säit stoen, wann deen am Konflikt mat staatlechen oder kommunale Verwaltunge steet.

"Wat sinn déi Ministèren, déi eis am meeschte beschäftegen? Och do ass keng grouss Neierung. Evidemment de Ministère des affaires étrangères, d'Sécurité sociale, den Aarbechtsministère, d'Finanzen an d'Justiz- an de Familljeministère, an natierlech och de Logement. Dat heescht, dat si virun allem déi Matièren, wou et ëm d'Liewecht geet a wou d'Leit am vulnerabelste sinn a wou d'Problemer, déi mënschlech Problemer, och am gréisste sinn."

D’Claudia Monti huet awer begréisst, datt d’Leit an Tëscht reegelméisseg géifen iwwert den Ombudsman als méiglech Voie de Recours informéiert ginn. Allerdéngs wieren déi administrativ Weeër heefeg ëmmer nach ganz laang a laangwiereg.

 

live

Live