Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - Reset

play_arrow Live
search

/ 3 Joer Prisong fir franséische Journalist

Russesch Justiz verlaangt Strof fir Auslandsagent

3 Joer Prisong fir franséische Journalist

D’russesch Justiz huet haut 3 Joer an 3 Méint Prisong fir e franséische Journalist verlaangt: Am Nomëtte goufen dunn 3 Joer fest gesprach.

auto_stories

1 min

Schonn zanter Ufank Juni gëtt de Laurent Vinatier festgehalen. Him gëtt virgehäit, sech net als friemen Agent enregistréiert ze hunn. D’Prisongsstrof sollt an engem Stroflager ofgesiess ginn, hat eng Vertriederin vum Parquet zu Moskau gefuerdert.

D'Uerteel ass awer nach net a Kraaft.