Physik ass relax
Wisou kritt enn heinsdo am Wanter eng gewéitscht?
11 min
Bei dréchenem Wieder, besonnesch am Wanter, awer net nëmmen am Wanter kann ee mol eng kleng gewéitscht kréien wann een aus dem Auto klëmmt, oder e Pullover iwwer de Kapp zitt .
Am Daïschteren geséit een heiansdo och kleng Fonken. D’Physik kann hëllefen dëst ze verstoen.
An all dëse Situatioune sinn zwee verschidde Matièren/Stoffer mat eneen a Kontakt. Wann Haut an Hoer géint de Fliess reiwen, ginn Elektronen vun der Haut op de Fliess iwwer; D’Haut huet elo ze mann Elektronen, ass elo positiv gelueden. De Stoft huet ze vill Elektronen, ass negativ gelueden. Mir schwätzen vun Ladungstrennung/ Chargen ginn getrennt. Elektronen sammelen, besser accumuléieren sech um Stoft. Mir hunn et mat statescher Elektrizitéit ze dunn. Statesch well Elektronen net wieder fléissen wéi bei dem elektreschen Stroum an eisen Apparater.
Physik ass relax, an d'Carol Eicher ass live am Studio.