De 24. Februar 1984 gouf an engem Gesetz iwwer de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg d’ Lëtzebuergesch als “Nationalsprooch” definéiert a krut, nieft Däitsch a Franséisch, de Status vun enger administrativer Sprooch.
1995 gouf d’ Lëtzebuergescht dunn per Gesetz och als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert, mee déi gewielte Vertrieder kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen. Et besteet awer keng Flicht fir eng Iwwersetzung.