Physik ass relax
Sonnestierm a Polarliichter
10 min
Kosmesch Stralung besteet ënner anerem aus Partikelcher, déi vun der Sonn permanent erausgeschleidert ginn. Wat op der Äerd ukënnt heescht Sonnewand, an ass d’Ursaach vun de Polarliichter. Bei aussergewéinlech staarke Sonneneruptioune gi Plasmablose mat vill méi energieräiche Partikelcher an de Weltall geschéckt. Si bewierke Sonnestierm, mat enger ganzer Partie Auswierkungen op Satellitten, Stroumnetzer, GPS, Fligerei. Si erméiglechen och Polarliichter zu Lëtzebuerg. Erklärunge vum Physiker André Mousset
Presentéiert vum
- Angie Maquil