arrow_back_ios
Physik ass relax
Solarthermie
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Haaptbestanddeel vun de Sonnekollektore si flaach Këschten um Daach vum Haus, mat Glasdeckel a gefëllt mat engem schwaarze Metallblech a ville Réier. D’Sonnestralung hëtzt eng speziell Flëssegkeet an de Réier; déi ginn hir Wäermt am Haus un d’Waasser vun engem grousse Waarmwaasserbehälter of. Dat waarmt Waasser gëtt fir Duschen, Bueden, Hännwäschen a Spulle benotzt.