Sot Emol
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen
0 min
De Lëtzebuerger Acteur Raoul Schlechter ass am Theater an am Film doheem. Et ass awer éischter en Zoufall, wéi hie bei den Theater koum. Als jonke Mënsch hat hien ëmmer d'Gefill vum Theater ugezunn ze ginn, an hie wollt wësse firwat. Dee scho verstuerwene fréieren Direkter vum Kapuzinertheater Marc Olinger huet him d'Méiglechkeet ginn am Theater hanner d'Kulissen ze kucken.
Mee wéi eng Roll huet de Büneriddo a senger Karriär gespillt? Wéi koum hien op Paräis? A wat verbënnt den Acteur mat der franséischer Actrice Isabelle Huppert? Äntwerte kritt Dir bei Sot emol, wou de Raoul Schlechter dem Jean Claude Majerus säin Invité ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Christian Schmitz
Wéi den Intressi an d'Schaffen un alen Zich zu enger richteger Passioun ka ginn.
Françoise Poos
D'Directrice vum Kulturprogramm Esch 2022 a Verwaltungsrotspresidentin vum Centre culturel Neimënster huet virun 20 Joer zu New York gelieft an d'Attentater vum 9/11 materlieft.
Marc Elvinger
Den Affekot engagéiert sech fir de Bangladesch bei der ONG Friendship. Wou kënnt deen Driff hier, wat passionéiert a motivéiert de Marc Elvinger?
Karolina Markiewicz & Pascal Piron
Si kommen aus ënnerschiddleche Richtungen: Konscht, Theater, Film a hu sech - mat Succès - an déi virtuell Welt gewot.
Marc Kiefer
Den Directeur sportif vum Paralympeschen Comité Lëtzebuerg war als Chef de Mission op den paralympesche Spiller zu Tokyo mat derbäi.
![Frederic Haupert](/legacy/images/21836/image-thumb__21836__base_thumbnail/Fr%C3%A9d%C3%A9ric%20Haupert.a1c64711.jpg)