Sot emol
Christian Schmitz
Vill vun eis hate bestëmmt als Kand en Zuch doheem fir ze spillen a spéider war een ëmmer nees faszinéiert, wann een emol eng Dampmaschinn oder soss en Zuch a Realitéit gesinn huet. Aus der Freed fir Zich kann eng Passioun ginn, an dat ass de Fall bei eisem Invité, deen zanter iwwer 40 Joer a senger Fräizäit un Zich schafft. Mëttlerweil gouf doraus eng Associatioun, déi sech fir de Patrimoine vun der Eisebunn asetzt an och scho Maschinne restauréiert huet. Fir de Christian Schmitz ass dës Aktivitéit awer och en Ausgläich a sengem Liewen.