Sot emol
Françoise Poos
D'Françoise Poos ass aktuell Directrice vum Kulturprogramm vun Esch 2022 an och Verwaltungsrotspresidentin vum Centre culturel Neimënster an e kulturell ganz interesséierten an attachéierte Mënsch. De Samschdeg gouf den 20. Anniversaire vun den Attentater vum 9/11 commemoréiert. D'Françoise Poos huet deemools, am Joer 2001, zu New York gelieft an huet reegelméisseg Korrespondenzen fir de radio 100,7 gemaach, eben och iwwer d'Attentater. D'Françoise Poos erzielt, wéi si déi Stonnen an Deeg erlieft huet. Weider schwätze mer mat hir iwwer hir Interessen, Passiounen an eventuell nach Wënsch oder Pläng fir Zukunft.