Biotop
Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)
9 min
D'Majiskraut blitt vu Juli bis August.
D’Kraut richt a schmaacht wéi “Maggi”, mee gehéiert net zu den Ingrediente vun dëser Gewierzmëschung.
Ausser dat e vill Plaz brauch an d’Kraut mat sengen Nopere konkurréiert, ass et einfach am eegene Gaart ze zillen an iwwer déi ganz Saison frësch dovun ze profitéieren an der Kichen. Alles vun der Planz kann een iessen a richteg gelagert, kann een et iwwer dat ganzt Joer an der Kiche verwäerten.
Oppassen awer mat der Dosis, de Geschmaach ass zimmlech intensiv. Richteg agesat kann et och gutt fir d'Verdauung sinn.
Mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Presentéiert vum
- Angie Maquil