Physik ass relax
Liewen an der ISS, der Internationaler Raumstatioun
21 min
Wéi lieft et sech 400 km iwwer der Äerduewerfläch an enger flotter Wunneng mat sechs Zëmmeren, zwee Buedzëmmeren an engem Fitnessstudio?
Dëst ass en Abléck an déi International Raumstatioun ISS (International Space Station), gläichzäiteg ass et och en top Fuerschungslaboratoire. D'Raumstatioun ass elo 24 Joer am Ëmlaf ëm d'Äerd. Un d’Liewen an der "Schwerelosegkeet", muss ee sech upassen. Do ass keen Ënnen an Uewen!
Wéi entsteet dee besonneschen Zoustand? Wat sinn Erausfuerderungen un Astronauten an Auswierkungen un hire Kierper? Wéi ass et, wa si zeréckkommen? D'Äntwerte resuméiert d'Physikerin Carol Eicher.
Presentéiert vum
- Angie Maquil