Physik ass relax
Fusioun - eng alternativ Energiequell
Datt an der Fusioun vun e puer Gramm Waasserstoffkären en enormt Potential un Energie stécht, gouf schonn an de 1920er Joren erkannt. D’Zil vun der Fuerschung op der Äerd ass et, eng kontrolléierbar Fusioun ze realiséieren.
D’Sonn straalt zanter iwwer Milliarde Joren, well sech bannendran e risege Fusiounsreakter ënner anerem Waasserstoffkären, Protonen, duerch extreem héijen Drock an Temperaturbedéngungen zesummenfüügt, an dobäi gëtt Energie fräigesat.
Wier dat op der Äerd méiglech, géif dat eng alternativ Energiequell mat enorme Potential bedeiten.
Wat awer ass Fusioun? Wat ass erfuerdert, fir dës Reaktioun an engem Reakter ze reproduzéieren?
D'Carol Eicher erkläert de Phänomeen.