![© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki](/1_Foto/100komma7.lu/104800/image-thumb__104800__base_thumbnail/Tel%20Aviv.31bee09d.jpg)
Schwéierpunkt vum Dag
An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt
4 min
![on the headlines](https://100komma7.lu/1_Foto/100komma7.lu/Israel%20Attacken%20aus%20dem%20Gazastreifen.jpg)
Am September sinn de Robi Wolf a seng Fra op Tel Aviv geflunn, fir de Gebuetsdag vun hiren Enkelkanner ze feieren. Do wossten si nach net, a wat fir enger Angscht si lierwe wäerten. Si wollten de Fils besiche goen, deen mat senger Famill zu Tel Aviv lieft. Zanter den Ugrëff ass näischt méi wéi et war.
Zu all Moment fillt ee sech onsécher, erzielt de Robi Wolf, dee kaum nach eraus geet. Wann d’Sirenen uginn, huet een 90 Sekonnen d’Zäit, fir an de Gank vum Gebäi ze flüchten, am beschten wäit fort vun all Fenster. Virun allem wëll hien d’Kanner berouegen, wat alles aanescht wéi einfach ass. Hien probéiert hinnen d’Situatioun z’erklären, mee daagsiwwer gi keng Noriichte gekuckt, fir datt d’Kanner net ze vill Angscht kréien. Esou laang wéi et nach Onroue gëtt, wëll hien do bleiwen a fir seng Enkelkanner do sinn, wärend säi Fils schaffe goe muss.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder
Episoden
Fussball-EM an Däitschland: Réckbléck op d'Véierelsfinallen an den Tournéierverlaf, bis elo
Den FLF-President Paul Philipp huet bis elo eng gutt Fussball-Euripameeschtereschaft erlieft, och wann et vläicht net déi bescht vun der Geschicht ass.
![Lëtzebuerg Frankräich Fändel | © picture alliance / Goldmann | Goldmann Victoirë fir Renaissance a Rassemblement National | © picture alliance / Goldmann | Goldmann](/1_Foto/100komma7.lu/187294/image-thumb__187294__base_thumbnail/L%C3%ABtzebuerg%20Frankr%C3%A4ich%20F%C3%A4ndel.0fabbc64.jpg)
Victoirë fir Renaissance a Rassemblement National
Am Benelux-Raum an an der Lorraine bitt sech en anert Bild no de Parlamentswalen wéi am Rescht vu Frankräich.
![D`Labour-Partei gewënnt d`Walen a Groussbritannien](/1_Foto/100komma7.lu/110128/image-thumb__110128__base_thumbnail/Philip%20Crowther.0a6bc432.jpg)
D`Labour-Partei gewënnt d`Walen a Groussbritannien
Schlechtst Resultat fir dei konservativ Torries zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert
![D'US Demokrate sinn alarméiert](/1_Foto/100komma7.lu/94054/image-thumb__94054__base_thumbnail/Joe%20Biden.401f31d6.jpg)
D'US Demokrate sinn alarméiert
D’US Demokrate sinn alarméiert, nom US Präsident Joe Biden sengem katastrophalen Optrëtt am Tëlee-Duell géint den Donald Trump. Bei engem Optrëtt zu Virginia huet den Joe Biden nach eng Kéier betount, datt hie weidermaache wëll.
![© Bigstock / PaulMaguire Frankräich riskéiert nees an déi 4. Republik zeréckzefalen | © Bigstock / PaulMaguire](/1_Foto/100komma7.lu/143441/image-thumb__143441__base_thumbnail/Frankr%C3%A4ich%20Symbol%20F%C3%A4ndel.2d1e36b3.jpg)
Frankräich riskéiert nees an déi 4. Republik zeréckzefalen
Déi Analys mécht de Politikwëssenschaftler Philippe Poirier, nodeems am éischten Tour vun de Walen de rietsextreeme Rassemblement national mat ronn 33 % stäerkste Kraaft ginn ass.
![Landwirtschaft a Klimawandel](/legacy/images/7519/image-thumb__7519__base_thumbnail/Landwirtschaft.fda52f43.jpg)
Landwirtschaft a Klimawandel
Ze vill Reen an Dréchent sinn d'Konsequenze vum Klimawandel. D'Bauerevereenegunge fuerderen een neie Waasserdësch.
![Bei der Presentatioun vum Mobilitéitsplang war de Sall gutt gefëllt. | © Pierre Reyland Stad Mobilitéitsplang 2035: Presentatioun viru Publikum | © Pierre Reyland](/1_Foto/100komma7.lu/187237/image-thumb__187237__base_thumbnail/Presentatioun%20Mobilit%C3%A9itsplang.faf52b4e.jpg)
Stad Mobilitéitsplang 2035: Presentatioun viru Publikum
De Stater Mobilitéitsplang 2035 gouf am Groussen Theater nach eemol virgestallt - dës Kéier a kompletter Form, a virun engem Publikum.
![Schoulklass | © Bigstock Pilotprojet Alphabetiséierungssprooch: éischt Analys | © Bigstock](/1_Foto/100komma7.lu/186940/image-thumb__186940__base_thumbnail/Schoullkass%20jonk.b4acd6dc.jpg)
Pilotprojet Alphabetiséierungssprooch: éischt Analys
Déi éischt wëssenschaftlech Bewäertung vum Pilotprojet “Zesumme wuessen!” läit vir: D’Reaktiounen dorop si generell positiv.
![50 Prozent manner Bauschutt a méi Flexibilitéit fir de Secteur](/1_Foto/100komma7.lu/186736/image-thumb__186736__base_thumbnail/Bauschutt.ed7bd70e.jpg)
50 Prozent manner Bauschutt a méi Flexibilitéit fir de Secteur
Bei der Gestioun vum Bauschutt soll et méi Flexibilitéit ginn, versprécht d’Regierung. Wéi reagéiert de Secteur?
![Doctena | © Jo Diseviscourt Clinch tëschent de Schéinheetsmedezinner an dem Collège médical | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/186490/image-thumb__186490__base_thumbnail/Doctena%20Plastische%20Chirurgie.0b73ff8a.jpg)
Clinch tëschent de Schéinheetsmedezinner an dem Collège médical
Déi zwou Parteie streide wéinst de Spezialisatiounen, déi d'Médecins esthétiques op doctena.lu uginn.
![Wagner Truppe | © picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey Wat ass aus dem "Wagner-Grupp" ginn? | © picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey](/1_Foto/100komma7.lu/186241/image-thumb__186241__base_thumbnail/Wagner%20Truppe.19383f0e.jpg)
Wat ass aus dem "Wagner-Grupp" ginn?
Virun engem Joer - am Juni 2023 - huet de Grupp "Wagner" mam Marsch vun der Gerechtegkeet en Opstand géint Russland gemaach. De Söldner-Grupp hat jorelaang am Interessi vu Russland gekämpft.
![Asbest fuedert nach ëmmer Mënscheliewen](/1_Foto/100komma7.lu/185860/image-thumb__185860__base_thumbnail/Asbest.aabc94c1.jpg)
Asbest fuedert nach ëmmer Mënscheliewen
Nach ëmmer stierwen all Joers Mënschen un de Suitte vun Asbestbelaaschtung, betraff si virun allem de Bau- a Renovatiounssecteur.
![Suen | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer Net nëmme Sonn um ekonomeschen Himmel | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer](/1_Foto/100komma7.lu/185446/image-thumb__185446__base_thumbnail/Suen%202.074d418f.jpg)
Net nëmme Sonn um ekonomeschen Himmel
Virsiichteg optimistesch huet sech de STATEC gëschter (19.6.) ginn, wat d’wirtschaftlech Aktivitéit an der Eurozon an zu Lëtzebuerg ugeet.
![Dave Calhoun | © picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey Boeing-Chef Calhoun entschëllegt sech | © picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey](/1_Foto/100komma7.lu/185341/image-thumb__185341__base_thumbnail/Dave%20Calhoun.8c29490c.jpg)
Boeing-Chef Calhoun entschëllegt sech
No zwee Onglécker an enger Rëtsch Panne bei Boeing-Fligeren huet de Konzernchef Dave Calhoun am US-Senat ugekënnegt, doraus Lektiounen ze zéien.
![Schüler | © Bigstock /romrodinka Aus der Médecine scolaire soll eng Santé scolaire ginn | © Bigstock /romrodinka](/1_Foto/100komma7.lu/185170/image-thumb__185170__base_thumbnail/Sch%C3%BCler.8bd5238d.jpg)
Aus der Médecine scolaire soll eng Santé scolaire ginn
D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez soll nach Ufank vum nächste Joer e Plang presentéiere fir d‘Schoulmedezin ze reforméieren. Dat hat de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt.
![© Jo Diseviscourt 30 Joer radio 100,7 | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/184948/image-thumb__184948__base_thumbnail/100%2C7%20Porte%20Ouverte.daa975f7.jpg)
30 Joer radio 100,7
Dowéinst hate mir de Weekend eis Dieren op. Fir all déi, déi sech e Bild dovu wëlle maachen, wéi bei eis geschafft gëtt a wéi e Radio iwwerhaapt vu bannen ausgesäit. Eng 250 Leit hunn dovu profitéiert.
![Firwat de Stroum trotz Subventioune méi deier gëtt](/1_Foto/100komma7.lu/123358/image-thumb__123358__base_thumbnail/Illustratioun%20Stroumpr%C3%A4is.9ffa7541.jpg)
Firwat de Stroum trotz Subventioune méi deier gëtt
D'Stroumpräisser sinn an de leschte Jore geklommen, d'selwecht wéi de weltwäite Verbrauch. Och d'nächst Joer ginn d'Stroumrechnunge fir d'Privatclienten trotz neie Subventioune méi deier.
![© Bigstock / Ivochkina Amerikanesch Faulbrut: Héich ustiechend sougenannt Beiepescht | © Bigstock / Ivochkina](/1_Foto/100komma7.lu/114652/image-thumb__114652__base_thumbnail/Bei.f12f5216.jpg)
Amerikanesch Faulbrut: Héich ustiechend sougenannt Beiepescht
Zu Wuelesse huet missten e Beievollek zerstéiert ginn
![© Bigstock Wat stécht hanner de gefälschten deepfake-Videoe vu Politker:innen? | © Bigstock](/1_Foto/100komma7.lu/116962/image-thumb__116962__base_thumbnail/K%C3%ABnschtlech%20Intelligenz.2acadb70.jpg)
Wat stécht hanner de gefälschten deepfake-Videoe vu Politker:innen?
Wat sinn déi sougenannten Deepfakes genee, wou komme se hier a wéi kann ee sech virdru schützen?
Dat kéint Iech och interesséieren
![© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki An Israel bleiwen, well ee vun der Famill gebraucht gëtt | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki](/1_Foto/100komma7.lu/104800/image-thumb__104800__base_thumbnail/Tel%20Aviv.31bee09d.jpg)