Schwéierpunkt vum Dag
Frankräich riskéiert nees an déi 4. Republik zeréckzefalen
8 min
Déi Analys mécht de Politikwëssenschaftler Philippe Poirier, nodeems am éischten Tour vun de Walen dee rietsextreeme Rassemblement national mat ronn 33 Prozent stäerkste Kraaft ginn ass, mat 5 Prozentpunkte Virsprong zum lénke Parteiebündnis Nouveau Front Populaire. Op drëtter Plaz, mat 20 Prozent, kommen d’Regierungsparteie ronderëm de President Emmanuel Macron. Mee de Sondagen no wäert déi rietsextreem Partei ronderëm d’Marine Le Pen awer keng absolut Majoritéit kréien; de President Emmanuel Macron huet schonn zu engem gemeinsame Bündnis géint de rietsextreemen RN opgeruff. Trotzdeem fäert de Politikwëssenschaftler Philippe Poirier, datt et an deenen nächste Méint net zu enger stabiller Regierungsmajoritéit wäert kommen. Firwat?
Presentéiert vum
- Ana Angel