Viru 84 Joer: Bombardement vu Guernica 26.04.2021 - 06h10 De Schlësselmoment am Spuenesche Biergerkrich war Virlag fir de Pablo Picasso.
Hitler-Tagebicher goufen entdeckt 25.04.2021 - 08h15 Virun 38 Joer goufen Tagebicher entdeckt, déi den Adolf Hitler soll geschriwwen hunn. Et huet sech erausgestallt, datt dës gefälscht waren.
Viru 94 Joer koum de Josy Barthel op d'Welt 24.04.2021 - 07h10 Diploméierte Chemiker, Sportler a Politiker
Virun 51 Joer: Éischten Earth Day 22.04.2021 - 06h10 Dag fir op Ëmwelt-Problemer opmierksam ze maache gouf fir d'éischt just an den USA organiséiert.
Virun 103 Joer: Roude Baron gëtt ofgeschoss a stierft 21.04.2021 - 06h10 Fliger-Ass huet tëschent 1916 an 1918 80 Géigner erofgeschoss.
Virun 11 Joer: Ufank vun der Deep Horizon-Kris 20.04.2021 - 06h10 Explosioun op der Buerstatioun vu BP féiert zur gréisster Ëmweltkatastrof an den USA.
Viru 26 Joer: Bommenattentat vun Oklahoma City 19.04.2021 - 06h10 Wäissen Extremist ass fir den Doud vun 168 Mënschen responsabel.
Viru 70 Joer Grënnung vun der CECA 18.04.2021 - 08h15 Der Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier, dem Virgänger vun der haiteger Europäescher Unioun
1958 geet zu Bréissel d'Weltausstellung op 17.04.2021 - 07h10 Déi bis haut lescht Weltausstellung an der Belsch
Virun 58 Joer: Martin Luther King schreift Bréif am Prisong 16.04.2021 - 06h10 An "Letter from Birmingham Jail" verteidegt de Biergerrechtler seng Methoden.
Virun 109 Joer: Titanic geet am Atlantik ënner 15.04.2021 - 06h10 Iwwer 1.500 Mënschen u Bord stierwe bei chaotescher Evakuatioun.
Virun 172 Joer: Ungarn deklaréiert seng Onofhängegkeet 14.04.2021 - 06h10 D'Land seet sech vun der Habsburg-Monarchie lass, bleift awer Deel vun austro-ungaresche Räich.
Viru 57 Joer: Sidney Poitier kritt Oscar fir beschten Acteur 13.04.2021 - 06h10 Éischten Afroamerikaner mat deem Oscar fir d'Haaptroll a "Lillies Of The Field"
Virun 29 Joer: EuroDisney mécht zu Paräis seng Dieren op 12.04.2021 - 06h10 Bis haut deen erfollegräichste Fräizäitpark an Europa
11. Abrëll 1945: Befreiung vum KZ Buchenwald 11.04.2021 - 08h15 Viru 76 Joer, den 11. Abrëll 1945, hu schlussendlech US-amerikanesch Truppen d'Konzentratiounslager Buchenwald bei Weimar befreit.
Virun 174 Joer koum de Joseph Pulitzer op d'Welt 10.04.2021 - 07h10 Ungaresch-amerikanesche Journalist an Editeur, deen den no him genannte Pulitzer-Präis gestëft huet.
Viru 16 Joer: Prënz Charles a Camilla Parker-Bowles bestuede sech 09.04.2021 - 06h10 De Fils vun der Queen hat wärend senger Zäit mam Diana eng Affär mat der Camilla.
Virun 31 Joer: Éischt Episod vun "Twin Peaks" diffuséiert 08.04.2021 - 06h10 D'Kult-Serie gouf gestoppt, nodeems den Haaptmystère vun der Handlung ze fréi opgeléist gouf.
Viru 44 Joer: Siegfried Buback an Däitschland erschoss 07.04.2021 - 06h10 De Procureur-Général gëtt éischt Affer vun der RAF am sougenannten Deutscher Herbst.
Virun 126 Joer: Oscar Wilde gëtt zu London festgeholl 06.04.2021 - 06h10 Iresche Schrëftsteller gëtt wéinst Homosexualitéit zu zwee Joer Zwangsaarbecht verurteelt.