Ausbroch Zweet Well

An dëser Episod vun "Ausbroch" geet et ëm d'Arrivée vun der NSDAP, déi sech nodeems d'Land am Mee 1940 vun der Wehrmacht besat gouf, an de Méint duerno zu Lëtzebuerg etabléiert huet a spéitstens mat der Arrivée vum Gauleiter Simon am August 1940 am Grand-Duché ukomm war.

Vincent Artuso / cbi

Gauleiter Simon
De Gauleiter Simon. Foto: CC BY-SA 4.0; Wikimedia / Mykemalone

D'Famill Brandenbuerger-Mersch vun Diddeleng huet zu deene bal 50.000 Lëtzebuerger gehéiert, déi am Mee 1940 den Exodus a Frankräich erlieft hunn. Den Här Brandenbuerger hat e wichtege Posten op der ARBED. No sengem Retour huet hie fir d'Nicole, säi Meedchen, dat deemools néng Joer al war, seng Erënnerungen un déi Wochen niddergeschriwwen.

Diddeleng war de Moie vum 11. Mee evakuéiert ginn. Vill Leit haten d'Stad zu Fouss verlooss. D'Brandenbuerger awer haten en Auto a waren den éischten Dag, trotz den iwwerfëllte Stroossen, schonn 200 Exil-Kilometer gefuer.

De 14. Mee owes hu si Montpellier erreecht, um Mëttelmier, 1.195 Kilometer vun doheem. Zéng Deeg duerno si si, wéi vill aner Diddelenger, zu Bousquet d'Orb, an d'Hannerland, ënnerbruecht ginn. An dëser konfuser Period hu si versicht d'Liewen obwalten ze loossen, wéi den Här Brandenbuerger dat geschriwwen huet:

"Le 9 juillet 1940: M. Fernand Spautz célébrait ses vœux avec Mademoiselle Liselle Terrens de Dudelange, et à cette occasion toute la colonie luxembourgeoise prenant part à la messe solennelle chantait à l'église la 'Hémecht', notre chant national, avec une chaleur et une émotion saisissantes, pressentant que ce devait être pour la dernière fois..."

D'Famill Brandenbuerger krut de 25. Juli d'Erlabnis Bousquet d'Orb ze verloossen, gouf dann awer erëm fënnef Deeg am Département de la Drôme blockéiert. Den 30. huet si d'Demarkatiounslinn tëschent deem onbesaten an deem besate Frankräich erreecht. Engem däitschen Zaldot, dee si no hirer Nationalitéit gefrot hat, hu si geäntwert: "Luxemburger". "Gewesen" huet dee lakonesch geäntwert.

Annexioun vu Blutt a Buedem

Den 21. Juli 1940 huet den Adolf Hitler de Gustav Simon zum CdZ ernannt, zum Chef der Zivilverwaltung in Luxemburg, mam Optrag dat besate Land "Heim ins Reich" ze bréngen. Jo, den Hitler hat vir Lëtzebuerg ze annektéieren, mee net nom klasseschen, rechtleche Wee, deen zanter dem Westfälesche Fridden d'Norm war - onendlech Negociatiounen a Friddensverträg. D'Zäit vun deene Fisematente war elo eriwwer. E wollt Europa rassepolitesch nei gestalten an d'Welt viru vollendegt Tatsaache stellen. Seng Kraaft war säi Recht.

Eigentlech gouf Lëtzebuerg och net vun Däitschland annektéiert, mee vun der NSDAP. De Simon war kee Staatsdénger am traditionelle Sënn, mee de Gauleiter vum Gau Koblenz-Trier, also de Chef vun der nationalsozialistescher Partei am Museldall. An deem Eck vun Däitschland hat hien, wéi all d'Nazi-Potentaten, en Deel vun der Staatsmuecht u sech gerappt. Mat den ale Räichsinstitutiounen huet hien awer nach missten eens ginn. Zu Lëtzebuerg net - oder bal net.

Dem Gauleiter säi festlechen Amarsch zu Lëtzebuerg war de 6. August 1940. Hie gouf vun 800 däitsche Schutzpoliziste begleet, déi gläichzäiteg seng Eskort waren an d'Zeie vum Retour vum verluerene Stamm an déi groussdäitsch Volksgemeinschaft.

"Ihr kommt hier nicht in feindliches Land", huet hien hinnen a senger Ried op der Place d'Armes erkläert.

"Ihr kommt hier nicht zu einer Bevölkerung, die Deutschland entgegengesetzt ist, denn das Land Luxemburg ist altes deutsches Siedlungsgebiet. Die Bevölkerung dieses Landes aber ist deutschstämmig, sie ist moselfränkisch, genau wie die Bevölkerung von Trier und von unserem schönen Moselland. Lassen Sie sich daher nicht täuschen von dem äusseren französischen Firnis, der nur künstlich aufgetragen ist. Ich kann Ihnen das versprechen, dieser französische Firnis, diese jämmerliche Tünche, wird in wenigen Wochen verschwunden sein."

Doropshin huet de Gauleiter seng éischt Mesure verkënnegt: eng Sproocheveruerdnung, déi déi franséisch Sprooch aus der Ëffentlechkeet, aus dem Stroossebild, dem Alldag a souguer aus der Identitéit vun de Leit verbannt huet; op eemol waren esou banal Wierder wéi "Awuar" a "Merci" tabu ginn, an d'Françoise hat sech vun elo u "Franziska" ze nennen, de Jean-Pierre "Johann-Peter" oder d'Renée "Renata".

Den neien, totalitäre Regime hat et net nëmmen op den Territoire ofgesinn, e wollt och seng Awunner annektéieren. Keng Drëps vun däitschem Blutt, egal wéi winzeg se och war, huet am Moment vu senger Opersteeung dem däitsche Vollekskierper dierfe feelen.

De Kierper zéckt nach

D'Ernennung vum Gauleiter Simon gouf der Verwaltungskommissioun eréischt de 29. Juli annoncéiert. Den Albert Wehrer hat d'Noriicht awer scho vun däitschen Offizéier héieren an hir Bedeitung direkt verstanen. Zesumme mam Emile Reuter huet hien no engem Wee gesicht, fir ze weise wéi wichteg hir Onofhängegkeet fir d'Lëtzebuerger war.

D'Geschäfter goufen diskret encouragéiert Spéngele mat de Lëtzebuerger Faarwen, déi se nach an hirem Besëtz haten, ze verkafen. Dës Spéngele waren am Joer virdrun, am Kader vun den Onofhängegkeetsfeiere produzéiert ginn. De 25. Juli huet den Orchester vun der Fräiwëllegekompanie fir déi éischte Kéier zanter der Invasioun erëm e Concert an der Stad gespillt.

Déi Hellewull Leit, déi sech versammelt hat, war net nëmme wéinst der Musek komm, huet d'Sipo-SD, déi däitsch Geheimpolice, festgestallt: "Das Konzert wirkte sich zu einer Kundgebung für die luxemburgische Sonderheit und gleichzeitig als Protest gegen die Besetzung Luxemburgs aus." Dat war natierlech aus däitscher Siicht inakzeptabel. En anere Concert, deen dräi Deeg méi spéit sollt gespillt ginn, gouf ofgeblosen.

An de Kulissen huet d'Verwaltungskommissioun weiderhin Initiativen ergraff. De Reichsaussenminister von Ribbentropp hat nimools op de Bréif geäntwert, an deem d'Lëtzebuerger him verséchert haten, datt d'Grande-Duchesse géint hire Wëllen d'Land verlooss hat, an an deem si seng Erlabnis gefrot haten eng Delegatioun op Lissabon ze schécken. De Wehrer, dee Lëtzebuerg laang zu Berlin representéiert hat, huet du versicht aner Kontaktpersounen ze fannen.

Hien ass u fréier Bekannten erugetrueden, de Staatssekretär Ernst von Weizsäcker, den Ënnerstaatssekretär Friedrich Gaus. Keng Äntwert. Duerno gouf den Herrmann Göring ugeschriwwen. Erëm keng Äntwert. An iergendwann ass dann d'Iddi komm sech dach direkt un de Führer ze riichten. Wat hate si ze verléieren?

Aus der Flucht gëtt en Exil

Déi éischt Wochen, déi d'Regierung an d'Grande-Duchesse zu Lissabon verbruecht hunn, ware gezeechent vu Middegkeet, Deprimm an Zweiwel. Hir Optioune waren esou rar wéi onsécher. Si konnten op London goen, d'Englänner waren nach am Krich, och wa si extrem geschwächt waren. Si konnten op Washington goen, de President Roosevelt huet d'Grande-Duchesse an hir Famill geschätzt. Mee d'Vereenegt Staate waren zu deem Zäitpunkt nach neutral. Schlussendlech konnte si sech der Strategie vum Wehrer a vum Reuter ënnerwerfen an zeréck op Lëtzebuerg goen.

D'Ernennung vum Gauleiter Simon huet hinnen d'Saach vereinfacht. Si hu verstanen, datt déi zweet Well vun der bronger Epidemie de Lëtzebuerger Nationalstaat an den Doud géif rappen. Et hätt also kee Sënn gehat mam Virus verhandelen ze wëllen. Dat hunn den Dupong an de Bech dann och kloer an engem Bréif geschriwwen, deen un d'politesch Elitt am besate Lëtzebuerg adresséiert war:

"A Luxembourg on a fait accréditer je ne sais sous l'inspiration de qui, que la Grande-Duchesse aurait été obligée par son entourage et les membres du gouvernement de quitter le pays. On a employé même cet argument dans une note adressée à l'Auswärtiges Amt. Il est contraire à la réalité d'affirmer que la Grande-Duchesse aurait fait sa politique actuelle contrainte et forcée. La Grande-Duchesse fut toujours 100 % d'accord [...] Quant aux ministres, ils auraient été d'accord de jouer le rôle du bouc émissaire, si la tentative avait permis de rendre espoir au pays; mais comment a-t-on pu croire que l'Allemagne hitlérienne, désireuse d'incorporer dans le Reich tous les territoires qu'elle considère comme de race germanique - l'opinion allemande a toujours considéré comme tel le Luxembourg - se laisserait influencer par un argument qui consiste à vouloir mettre la Grande-Duchesse en opposition avec son gouvernement, mais avec ses propres actes. Le désarroi des esprits doit être grand à Luxembourg pour qu'une pareille démarche ait pu trouver l'assentiment, paraît-il, de la Chambre et de la Landesverwaltungskommission. [...] Celui qui en doutait sait maintenant que l'Allemagne se propose d'annexer le Luxembourg. Dès lors il ne reste plus qu'un seul espoir, l'Angleterre et les Etats-Unis. Nous devons donc nous orienter franchement de ce côté. Nous avons l'intention de le faire. [...] Ceux qui sont dans le pays ne peuvent dans les circonstances actuelles travailler pour l'avenir de celui-ci, comme seraient impuissants la Grande-Duchesse et les membres du gouvernement s'ils étaient là-bas. Nous par contre, nous pouvons encore travailler pour l'avenir du pays. Que nos compatriotes soient mentalement du moins d'accord avec notre activité."

D'Regierung war net méi op der Flucht, si war elo exiléiert.

An der Mediathéik:

Ausbroch / / Vincent Artuso
Lauschteren

Méi zum Thema

Mitgliederausweis Volksdeutsche Bewegung
Ausbroch

Den 10. Mee 1940 huet net jiddwereen dem Defilé vun däitschen Divisiounen duerch Lëtzebuerg betraff nogekuckt. Et gouf hei am Land eng Rei Leit, déi mat den Nazien an hirer Ideologie sympathiséiert hunn.

Nazien am Zweete Weltkrich
Ausbroch

Enn Juni 1940 war jidderengem kloer, datt Däitschland de Krich gewonnen hat. D'Prioritéit war elo de Schued ze iwwerliewen, deen déi éischt, brutal Well verursaacht hat.

Panzer
Ausbroch

Am Fréijoer 1940 hunn nach vill Lëtzebuerger an de franséischen a britteschen Arméien déi eenzeg Hoffnung gesi géint en däitschen Ausbroch. Dës Hoffnunge sinn awer nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich un der Westfront séier gestuerwen.

Nazi Opmarsch virun der aler Synagog
Ausbroch

Den 10. Mee waren et genee 80 Joer, datt Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall huet.Bannent e puer Stonne war d'Land komplett besat. Déi éischt Stonnen an Deeg ënner der Occupatioun waren turbulent a komplizéiert.

Nazi Opmarsch virun der aler Synagog
Ausbroch

Am Mee virun 80 Joer huet Nazi-Däitschland Lëtzebuerg besat. Och wann d'Besetzung vu Lëtzebuerg virun 80 Joer an déi aktuell Covid-19-Kris op den éischte Bléck net vill gemeinsam hunn, gëtt et Parallellen.

Heinrich Himmler in Luxemburg
Ausbroch

Den 10. Mee 1940 huet Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall a besat. Et war eng ugespaante Lag, déi d'Lëtzebuerger duerch d'Zäit tëschent den zwee Weltkricher begleet huet.

Luxemborug
Ausbroch

De Wee vun einfache Landleit ouni national Identitéit, hin zu engem Vollek, dat sech als Vollek gesäit, mécht Lëtzebuerg an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert an tëschent den zwee Weltkricher.

Le Futurisme
Ausbroch

Den 20. Februar 1909 huet déi konservativ franséisch Dageszeitung Le Figaro, op hirer Titelsäit, en Text mat enormer Sprengkraaft verëffentlecht. E Programm: "Le Manifeste du Futurisme".

Luxemburg, Himmler mit Offizier der Waffen-SS
Ausbroch

Den 10. Mee 1940 huet Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall a besat. De Vincent Artuso kuckt, aus der aktueller Perspektiv vun der Pandemie eraus, zeréck op d'Besetzung vu Lëtzebuerg virun 80 Joer.

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen