Wie mam Vëlo, mat der Trotinette zu Fouss oder mam Bus an d'Schoul komm ass amplaz mam Auto, krut all Kéiers e Sticker. Ronn 2.800 Schüler aus de Stader Grondschoulen hu matgemaach. Huet dat eppes bewierkt? A wisou hunn d'Kanner matgemaach? De Simon Larosche huet bei Gewënner an der Grondschoul zu Hamm nogefrot.
De Concours "Zu Fouss, mam Velo oder Bus an d'Schoul" vun der Stad Lëtzebuerg gouf vum 18. September bis den 18. Oktober organiséiert. D'Resultat gouf rezent presentéiert.