Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grujeleg Accidenter an Iessen ewéi um Haff

Zäitspuer: Episod 1

Grujeleg Accidenter an Iessen ewéi um Haff

1981 huet déi lescht Eisenäerz-Minn zu Lëtzebuerg zougemaach. Iwwer 40 Joer méi spéit, kann ee sech just nach schwéier virstellen, wéi haart den Aarbechtsalldag ënner dem Buedem deemools war. An eiser Sendung "Zäitspuer" loosse mir Leit zu Wuert kommen, déi d'Minnenaarbecht selwer materlieft hunn.

auto_stories

1 min

Datt dës Erënnerungen un d'Minnenaarbecht nach ëmmer accessibel sinn, ass dem Luciano Pagliarini ze verdanken. De Lokalhistoriker huet an de 70er, 80er, a fréie 90er Joren stonnelaang Leit interviewt, déi selwer an de Minne geschafft hunn, oder am direkten Ëmfeld vun de Minnenaarbechter gelieft hunn. D'Tounopname vun dëse Gespréicher gëtt et bis haut, an si sinn eng Goldgrouf fir Leit, déi sech fir déi industriell Vergaangenheet vun der Minett-Regioun interesséieren.

D'Historiker François Klein a Marco Gabellini hunn d'Kollektioun fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" nei opgeschafft. De Rick Mertens huet sech an der "Zäitspuer" erkläre gelooss, firwat dës Opnamen esou wäertvoll sinn.