Radioen

On air

9 bis 1  |  Cloth - Polaroid

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Patrick Dury: Gespréicher mam Premier konstruktiv, elo brauch et Resultater

"Sozialronn"

Patrick Dury: Gespréicher mam Premier konstruktiv, elo brauch et Resultater

D‘Gewerkschafte géife beim Sujet vun de Kollektivverträg och net vun hirer Positioun ofréckelen, datt Kollektivverträg och an Zukunft ëmmer mat de Gewerkschafte missten ausgehandelt ginn, sou de Gewerkschaftspresident.

auto_stories

1 min

Foto: Chris Zeien

Dobäi géifen d‘Gewerkschafte beim Sujet vun de Kollektivverträg och net vun hirer Positioun ofréckelen, datt Kollektivverträg och an Zukunft ëmmer mat de Gewerkschafte missten ausgehandelt ginn. Dobäi géif et an enger éischter Phas net ëm d‘Gewerkschafte goen, mee ëm den Acquis „ dee fir d'Leit am Privatsecteur verhandelt ginn ass“. Deen Acquis géif fir d‘Gewkerkschaften net zur Dispositioun stoen an et wäert een e mat all Moyen verteidegen, deen een zur Dispositioun huet. Op d‘Fro, ob et dann net awer Verhandlungsspillraum an deem Aspekt gëtt, äntwert de Patrick Dury:

"Nee, do ass kee Verhandlungsspillraum do, dat ass ganz kloer."