Radioen

On air

9 bis 1  |  Ezra Collective - No One's Watching Me Feat. Olivia Dean

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Staatsrot gesäit sech dacks mat schlecht geschriwwene Gesetzestexter konfrontéiert

Héich Kierperschaft

De Staatsrot gesäit sech dacks mat schlecht geschriwwene Gesetzestexter konfrontéiert

Eréischt fir d’4. Kéier iwwerhaapt war den Dënschdeg eng Neijoerschreceptioun vum Staatsrot. Dobäi ass et dem President Marc Thewes no ganz wichteg, d’Diere vum Conseil d’Etat opzemaachen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Eric Ewald

D’Institutioun géif nämlech net richteg verstane ginn, soudatt een erkläere misst, wéi de Staatsrot fonctionéiert a wat en ass. Wat en net wier, dat wier eng Donkelkammer, an där et zu Ofmaachungen hannert zouenen Diere kéim. An et hätt een eng fundamental aner Aufgab wéi d’Chamber.

Nämlech déi, Avisen zu Gesetzprojeten ofzeginn, fir se ze verbesseren a se konform zur Verfassung ze maachen. D’Diskussiounen am Conseil d’État wieren net politesch, mee fachlech-juristesch, an d’Avise bal ëmmer unanime.

Vill Texter net ausgegoren

D’Kritik, datt d’Aarbecht vum Staatsrot politesch beaflosst wier, géif op engem Mëssverständnes baséieren. Un der Kritik, datt de Conseil d’État ze lues wier, wier dogéint eppes drun, mee net souvill, wéi ee menge géif, sou de Marc Thewes. Stand elo wier ee saiséiert mat 150 Gesetzprojeten, an d’Zil wier et, déi Zuel ze drécken. Mee firwat kënnt et zu Retarden? Ma well, betount de President vum Statsrot, punktuell Texter erakéimen, déi net ausgegore wieren.

"Et ass den Ënnerscheed vum Dag a vun der Nuecht, ob een e gutt geschriwwene Gesetztext an enger Kéier liest, versteet, direkt, an eigentlech bei all Artikel sans observation... Dir wësst, dass, wa mer näischt ze soen hunn, wa mer d’accord sinn, wa mer et gutt fannen, gutt geschriwwe fannen, da schreiwe mer just sans observation."

Besser sech u bestoenden Texter ze inspiréieren

Dat géif méi séier goe wéi eng opposition formelle, erkläert de Marc Thewes, fir deen de Conseil d’État och ëmmer probéiere géif, fir e Wee eraus ze weisen, mee d’Defekter vu verschiddenen Texter wiere sou grouss, datt ee mol net wéisst, a wéi eng Richtung datt et sollt goen. Et wier een ëmmer méi dacks mat Texter vu verschiddenen Inspiratioune konfrontéiert. Déi wieren technesch komplizéiert an zum Deel “immens wischi-waschi-Texter”.

"Et muss awer eng Prise de conscience do sinn, dass mir dee Problem begéinen, well domat verléiere mir onwarscheinlech vill Zäit! Heiansdo kréie mer gesot, do oder do si mer eis inspiréiere gaangen, heiansdo musse mir och eis Juristen hei ustellen, fir mol sichen ze goen, wou et dann hierkënnt."

Dofir wier et besser, sech un engem Text z’inspiréieren, fir datt et net zu Retarde kënnt. Fir de Prinzip vum “once only” wier iwwregens am Staatsrot eng Spezialkommissioun geschafe ginn, huet de Marc Thewes nach annoncéiert. Doduerch musse Bierger a Firmaen de Verwaltungen an Zukunft gewëss Informatioune jo nëmmen nach eemol matdeelen.

Lauschterenplay_arrow