Digitales Youth work in the digital era

Dës Woch ass hei zu Lëtzebuerg d'Konferenz Youth work in the digital era, organiséiert vum Service National de la Jeunesse a finanzéiert vum EU-Fërderungsprogramm Erasmus +. D'Thema ass d'Jugendaarbecht am digitale Beräich.

Pit Walté / cbi

Jeff Faltz
De Jeff Faltz schafft beim SNJ

D'Grondiddie wier et, Leit aus der ganzer EU zesummenzebréngen, fir dann iwwer Methoden an Approchen ze schwätzen, wéi een d'Jugendaarbecht méi digital gestalten an op déi aktuell Entwécklunge reagéiere kéint, esou de Jeff Faltz vum SNJ. 70 Jugendaarbechter aus 19 EU-Länner si fir dësen Echange bis op Lëtzebuerg komm.

Mee wéi ass d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg, wann ee sech déi digital Jugendaarbecht ukuckt? De Jeff Faltz mengt, datt déi éischt richteg Schrëtt gemaach goufen, "mee ech menge mir sinn awer nach net ganz do, wou mer hiwëllen".

Als SNJ wéilt ee weisen, datt eng digital Aarbecht mat Jonke mëttlerweil e feste Bestanddeel wier, an datt dat och guer net komplizéiert misst sinn, esou de Jeff Faltz. Dofir missten an Zukunft awer och weider Offere geschafen a vermëttelt ginn.

D'Konferenz Youth work in the digital era ass dann och e gudde Moment fir d'Situatioun hei mat anere Länner ze vergläichen, de Jeff Faltz mat engem Beispill.

"Ech hu mat enger Participante aus Rumänie geschwat. Si huet mir gezielt, datt si do fir eng kleng ONG schafft, an do wier et schwiereg fir sech an deem Beräich ze positionéieren, well et net onbedéngt eng Prioritéit vun der Politik ass. "

Nieft enger Rei Rieden an Diskussiounen ëm d'Thema Digitales an der Jugendaarbecht sinn och Atelieren Deel vun der Konferenz, an deenen da konkret Methoden a Projete virgestallt ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Marc Hansen
Digitalisatioun

Ob Aarbechtsplaze géifen ewechfale géif och dovun ofhänken, wei d'Aarbecht ausgeriicht ass, seet de Marc Hansen. Et misst ee seng Prozesser sou einfach wéi méiglech gestalten, an d'Leit fir déi digital Prozesser forméieren.

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen