Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wier de Beruff reglementéiert, kéinte mir d'Demanden assuréieren"

Musiktherapie

"Wier de Beruff reglementéiert, kéinte mir d'Demanden assuréieren"

Zanter 2004 gëtt et d'Gesellschaft fir Musikstherapie zu Lëtzebuerg, déi sech dofir asetzt de Beruff ze promouvéieren an ze reglementéieren. Well Musekstherapeut oder -therapeutin ass hei zu Lëtzebuerg net offiziell unerkannt.

auto_stories

2 min

Et géif hei am Land eng Demande no Musekstherapië ginn, an eigentlech wier och genuch ausgebilt Personal do fir op dës Demande ze reagéieren, schreift d'Gesellschaft fir Musiktherapie an engem Communiqué.

Mee well de Beruff net reglementéiert wier, kéinten dës Therapien net ëmmer assuréiert ginn, seet d'Cathy Schmartz, Presidentin vun der Associatioun.

"Mir hu ronn 30 Musekstherapeuten an -therapeutinnen als Member, déi opgrond vun der aktueller Situatioun net an hirem Beruff schaffe kënnen. Dat heescht, wa mir Ufroe kréie vu Leit, déi e Musekstherapeut sichen, da wësse mir, datt mir am Prinzip Kolleegen a Kolleeginnen hätten, déi hëllefe kéinten, awer net an deem Beruff schaffen, mee zum Beispill Educateur oder Enseignante sinn. Deementspriechend sinn déi dann net disponibel, fir eng Musekstherapie unzebidden."

De Beruff reglementéieren

Donieft géif déi Net-Reglementéierung bedeiten, datt sech am Prinzip jiddwereen hei am Land Musekstherapeut nennen a Sëtzungen ubidde kéint. Wat e Problem wier, well een dem Patient géigeniwwer eng Verantwortung hätt, seet d'Cathy Schmartz. Dofir géif ee sech als Gesellschaft fir Musiktherapie och dofir asetzen, datt de Beruff unerkannt gëtt.

"Mir si schonn eng Zäitchen a Gespréicher mam Gesondheetsministère. Mir hunn och un der Ëmfro zu de Gesondheetsberuffer matgemaach, déi de Ministère organiséiert hat a wou am Oktober d'lescht Joer d'Resultater virgestallt goufen. Do war eng Recommandatioun, de Musekstherapeut an -therapeutin als Beruff ze reglementéieren a mir hoffen natierlech, datt dës Recommandatioun och eescht geholl gëtt."

Méi Infoen zu der Gesellschaft fir Musiktherapie an zu der Musekstherapie am Allgemengen fënnt een ënner www.musiktherapie.lu