Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie sinn ech? A wat ass deen Ech eigentlech?

Prisma

Wie sinn ech? A wat ass deen Ech eigentlech?

Wie sinn ech? A wat mécht dësen Ech aus? Dëst si Froen, déi ee sech iergendwann emol am Laf vu sengem Liewe stellt oder scho mol gestallt huet, wann een op der Sich no senger Identitéit ass. Mee wat, wann ee säin Ech, seng Identitéit méi a méi vergësst oder souguer ganz verléiert - wéi bei der sougenannter Krankheet vum Vergiessen, och bekannt als Alzheimer-Krankheet? Iwwerleeunge vum Pascale Worré.

auto_stories

6 min

Wie sinn ech wierklech? Symbolbild. Foto: Bigstock / 1STunningArt

Wie kennt dat net? Mir hunn eise Schlëssel oder eise Brëll vertässelt a wëssen einfach net méi, wou mer en higeluecht hunn. Oder mer wëllen eppes aus dem Schaf huelen a maachen de Frigo amplaz op. An deem Kontext fält dann alt emol de Saz "Ech hunn Alzheimer".

Natierlech ass dës Ausso an de meeschte Fäll eng Floskel, déi een einfach mol esou benotzt fir seng eege Schusselegkeet auszedrécken, ouni datt een awer tatsächlech un Alzheimer erkrankt ass. Mee wat huet et dann elo mat dëser sougenannter Krankheet vum Vergiessen op sech?

D'Fro nom Ego begleet eis ee Liewe laang

Et sollen elo awer net déi medezinesch Detailer vun dëser Krankheet am Mëttelpunkt stoen. Éischter soll de Bléck op ee méi philosopheschen Aspekt geriicht ginn. Nämlech op dee vun der eegener Identitéit, dat heescht op dat, wat mer ECH nennen. Oder anescht gefrot: "Wie sinn ech? A wat mécht mäin ECH eigentlech aus?

Dëst si mënschlech Froen, déi ee sech am Laf vu sengem Liewen ëmmer erëm stellt. Vu Klengem u begleet eis d'Fro no eisem Ego. Doduerch kënne mer eis e Bild vun eis selwer maachen an e bestëmmte Liewenswee aschloen. Et erlaabt eis, datt mer eis selwer verwierklechen.

Scho ganz fréi fanne mer zum Beispill eraus, wat eis schmaacht a wat mer net gär hunn. Mir entdecken eis Hobbyen, Virléiften, eis Stäerkten a Schwächten. Mer treffen Entscheedungen, déi sech da munchmol als net esou schlau erausstellen, oder déi awer wuel genee richteg waren.

Aner Mënschen trieden an eist Liewen, Weeër kräize sech, mat deenen enge gi mer Frëndschaften oder Bezéiungen an, anerer kënne mer net ausstoen. Esou trenne mer eis och mol vun aneren oder mer mussen eis ongewollt trennen. All déi Erliefnesser an Erfarunge prägen eis. Si maachen eis zu deem, wat mer schliisslech sinn, beaflossen eis alldeeglech Handlungen an d'Aart a Weis, wéi mer denken an eist Liewen féieren.

Gär schwätze mer mat Frënn a Famill iwwer gemeinsam Souveniren. "Weess de nach wou ...?" ginn déi Geschichten dacks un, iwwer déi mer dann ëmmer erëm gär laachen. Déi Geschichten an Erënnerunge schweessen eis zesummen a loossen eis "dozou gehéieren" an eis Plaz fannen. Si droen also zu deem bäi, wat mir ECH nennen.

Wann d'Erënnerungen an d'Identitéit vergiess ginn

Mee wat, wann ee säin Ëmfeld, d'Erënnerungen aus sengem Liewen a schliisslech seng eegen Identitéit ëmmer méi vergësst? Oder ee säin ECH souguer ganz verléiert? Esou wéi dat bei der Alzheimer-Krankheet de Fall ka sinn.

Un déi Fro muss een awer nach eng Kéier aus zwou verschiddene Perspektiven erugoen. Nämlech engersäits aus der Perspektiv vum Ëmfeld vun der Persoun, déi un Alzheimer erkrankt ass, dat heescht vun der Famill an de Frënn. Anerersäits vun der Persoun selwer, déi schliisslech un der Krankheet leit.

Wat bedeit et fir d'Famill an d'Frënn, wann op eemol eng Persoun, vun där een e fest Bild huet, mat där ee vill erlieft huet, grouss ginn ass a vun där ee mengt, si ze kennen, sech verännert? Oder wann déi Persoun een esouguer net méi erkennt a Saache mécht, déi een ni vun der Persoun geduecht hätt? Kuerz: Wann déi Persoun engem ëmmer méi friem gëtt.

Wat bleift iwwereg?

Et ass ëmmer nach déi selwecht Persoun, an awer, et erkennt ee si iergendwéi net méi als déi erëm, mat där een all déi Erliefnesser a Momenter deelt. Vläicht, well ee si grad net méi esou zesummen deelt, wéi soss a vläicht net méi zesummen doriwwer laache kann. Wat bleift dann nach vun der Persoun, vun hirem ECH iwwereg?

Engersäits sinn do all déi Erënnerungen, Biller a Fotoen. Awer och eng bestëmmte Verbonnenheet, den Afloss, dee si op déi eege Persoun an op dat eegent Liewen hat. Dann awer och eng gewësse Verflichtung fir déi Persoun do ze sinn, fir se net eleng ze loossen. An natierlech d'Gefill vu Léift oder Frëndschaft an Dankbarkeet.

Wat wuel an der Persoun selwer virgeet, ass schwéier genee nozevollzéien an no ze empfannen. An och kënnen d'Symptomer an d'Forme ganz ënnerschiddlech sinn. Vun de reng kierperleche Symptomer elo mol ganz ofgesinn, ginn Depressiounen, Onrou, Ängschten a Wanvirstellungen dacks am Zesummenhang mat der Alzheimer Erkrankung erwäänt. Awer och Orientéierungslosegkeet an de Verloscht vun den Erënnerungen a vun der eegener Identitéit. Also vun deem, wat mer och als ECH definéiert hunn.

Wat fille Persounen, déi un Alzheimer erkrankt sinn?

Vill Froe stelle sech an deem Zesummenhang: Wat denkt déi Persoun? Wat fillt si? Huet si Wënsch? Wéi erlieft si hiren Dag? Empfënnt si Freed? Oder wéi hu mer eis dat virzestellen? Wéi e grousst eidelt Lach? Mat e puer Erënnerungen, déi nach iwwereg sinn? A vill Froen, op déi ee selwer keng Äntwert méi weess. Och hei kann ee wuel net allgemeng soen, wéi et am Eenzelfall ass.

Och steet elo nach ëmmer déi grouss Fro am Raum, wat dann elo den ECH ausmécht. Ass een zum Beispill net méi sech selwer, wann een net méi ka soen, wéi een heescht, wou ee gebuer ass, wou ee gelieft huet a wou ee wunnt? Wann ee sech net méi u säi Liewen, u seng Frënn a Famill erënnere kann?

A wat ass mam Kierper? Ass den ECH nach do, soulaang de Kierper do ass? A wéi staark beaflossen de Kierper an d'Wahrnehmung iwwer de Kierper d'Wahrnehmung vun der eegener Persoun? "Ech hunn Honger", "ech hu wéi", "ech muss op d'Toilette" sinn och Aussoen iwwer déi eege Persoun an dat subjektiivt Empfannen, och wann een zum Beispill net méi alles iwwer sech selwer weess. A wat ass, wann een och déi Aussoen net méi maache kann?

Elo si mer op engem Punkt ukomm, dee ganz typesch ass fir philosophesch Theemen an Discoursen: Nämlech op deem, wou ee méi Froe wéi Äntwerten huet. A wou et dann och un der Zäit ass, den Nolauschterer sech a senge Gedanke selwer ze iwwerloosse fir seng Äntwerten ze fannen.