Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rogé - Existe Uma Voz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wichteg fir nei Wierder a fir d'Orthografie: Wat ass e Suffix?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wichteg fir nei Wierder a fir d'Orthografie: Wat ass e Suffix?

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erzielt eppes iwwer Suffixen, a wat do esou Kuriéises am Lëtzebuergesche ass.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft fir den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch

Simon Larosche: E Suffix, wat gëtt et dann do alles ze erzielen a wat ass do esou kuriéis am Lëtzebuergeschen?

Caroline Döhmer: Als éischt nees eng kleng Definitioun, fir an d'Theema eranzekommen: Suffix kënnt vum laténgeschen "suffixum" an dat bezeechent eppes, dat ugepecht ass, eppes, wat hannen un e Wuert ugehaange gëtt. Et gëtt graff gekuckt zwou Zorte vu Suffixen: Flexiounssuffixen a Wuertbildungssuffixen.

Oh mei, ech weess grad weeder, wat dat eent nach wat dat anert ass! Hëllef mir mol mat e puer Beispiller weider, wannechgelift.

E Flexiounssuffix ass alles, wat duerch d'Deklinatioun an d'Conjugaisoun bäikënnt: du drénk-s, mir fuer-en, Pillem-en, bei déck-em Niwwel. Jee no Wuertaart kodéiert e Suffix also ënnerschiddlech Informatiounen: Kasus, Numerus, Persoun, asw.

E Wuertbildungssuffix hëlleft mer, nei Wierder ze bilden:

  • Summer → summer-lech (N → Adj)
  • Salz → salz-eg (N → Adj)
  • schéin → Schéin-heet (Adj → N)
  • spueren → spuer-sam (V → Adj)
  • Struktur → struktur-éier(en) (N → V)
  • wunnen → wunn-lech (V → Adj)
  • Dänzer → Dänzer-in (N → N)

E Suffix mécht eis d'Liewen an der Sprooch méi einfach:

  • mat engem Suffix kann een nei Wierder bilden,
  • et kann ee Wierder flektéieren, also grammatesch Informatioune kodéieren,
  • se kënnen eppes iwwer d'Wuertaart aussoen (e Wuert op -sam oder -lech ass meeschtens en Adjektiv, op -heet/-keet e Substantiv, asw.),
  • ech ka bei enger Endung vum Substantiv och deelweis gesinn, wéi ee Genus d'Wuert huet: Wierder op -ling (ëmmer männlech: Libling, Zwilling), Wierder op-heet/keet (ëmmer weiblech: Allgemengheet, Däitlechkeet, Krankheet)

Iwwer Genus muss ech prinzipiell nach eng Kéier eng eegen Episod maachen, well do gëtt et natierlech vill méi ze erzielen, wéini a firwat e Wuert männlech, weiblech oder sächlech ass.

Jo, dat wäert sécher och déi Leit interesséieren, déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch léieren!

Jo, do kann een heiansdo frou sinn, datt een dat als Mammesproochler am Gefill huet.

Also deen éischten Deel vun der Episod war lo primär iwwer Suffixe bei der Wuertbildung a Flexioun. Mee d'Suffixe sinn och wichteg, fir Lëtzebuergesch richteg ze schreiwen. Grad mat där aktualiséierter Orthografie spillen d'Suffixen eng wichteg Roll, an do muss ech natierlech identifizéiere kënnen, wat e Suffix ass.

Dat ass awer heiansdo guer net esou einfach, well mer am Wuert net just Wuertbildungsgrenzen hunn (also d'Grenz tëschent dem Wuertkär an dem Suffix), mee mer hunn och Silbegrenzen, an do kommen d'Leit dacks duercherneen.

Wéi kann ech déi Grenzen dann auserneenhalen?

Knapp formuléiert: Wuertbildungsgrenzen ënnerdeele Bedeitungen (grammatesch an inhaltlech Eenheeten) a Silbegrenzen ënnerdeele Schwätzgrenzen (lautlech Eenheeten). E klengt Beispill: d'Wuert "granzeg". D'Silbegrenz ass hei "gran-zeg". Mee d'Wuertbildungsgrenz ass: granz-eg. Ech muss hei de Verbstamm "granz" vun "granzen" identifizéieren.

An der Orthografie vun 2019 steet dann och, datt d'Suffixe beim Schreiwen eenzel gekuckt ginn. Dat heescht, datt ech e Wuert ouni de Suffix muss kucke fir ze wëssen, wéi ech de laangen oder kuerze Vokal markéieren. Dofir muss ech awer och wëssen, wou ech de Suffix fannen, fir déi richteg Grenz ze zéien. Dofir schreiwe mer "wot-lech" an och "zimm-lech". Awer da kommen och Fäll wéi "metall-esch" an "granz-eg", wou mer déi richteg Grenze musse fannen, well mer eeben och Suffixen hunn, déi -lech an -zeg sinn. Dofir muss een ëmmer gutt kucken, datt d'Grondwuert, also de Wuertkär richteg erëmerkannt gëtt. An do kann ech mer d'Grondbedeitung ukucken oder Vergläichswierder sichen.

Et ass am Lëtzebuergeschen och deelweis e bësse komplizéiert, well mer och nach friem Suffixen an der Sprooch hunn. Oder Wuertkären, déi mer esou net méi kennen, oder déi d'Bedeitung liicht geännert hunn, wéi bei "zimmlech" zum Beispill (wat ass "zimm"?).

Bei den Adjektiven hu mer eng Rei friem Suffixen, also souer, déi mer geléint hunn: -ibel (penibel), -ant (dominant), -är (populär), -iv (naiv) oder -id (invalid). Do ass et dann nach méi schwéier, fir Bedeitungseenheeten a Wuertbildungsgrenzen ze erkennen. An nawell benotze mer déi Wierder all Dag!

Ech mengen, als éischt si mer mol duerch mam Iwwerbléck, op déi eenzel Suffixen, den -bar, de -ling an den -ert muss ech eng aner Kéier ze schwätze kommen, well déi si ganz schéi kuriéis an hunn e puer flott Prinzippien!

Ma da freeë mir eis op weider Erklärungen iwwer déi lëtzebuergesch an netlëtzebuergesch Suffixen!

Ech freeë mech och, bis geschwënn!