Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Janelle Monae - Float Feat. Seun Kuti & Egypt 80

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltënnergang ... alt erëm?

Prisma

Weltënnergang ... alt erëm?

Ausser Witzer iwwer eng bestëmmte Béiermark an d'Lyme-Krankheet huet de Coronavirus net wierklech vill Positives opzeweisen. Et schéngt éischter, wéi wann et en neie Komplikatiounsfaktor an enger komplizéierter Welt wier. De Virus léiert eis awer och eppes iwwer déi mënschlech Natur. Toilettëpabeier, Mad Max, Panik a Primaten.

auto_stories

7 min

De Philosoph Thomas Koenig. Foto: Archiv

Intro

De Coronavirus ass zanter e puer Wochen an aller Mond. An et kéint ee fäerten, datt en iergendwa wuertwiertlech an aller Mond ass. Et gëtt kee Mëttel dogéint, op alle Fall am Moment nach net. De Virus ass méi ustiechend wéi eng normal Gripp. An et gëtt reegelméisseg doriwwer reportéiert, wéi vill Doudeger an Infizéierter et weltwäit esou gëtt.

Et schéngt och net wierklech esou, wéi wann et gutt Noriichte géif ginn. Déi eng Länner si méi oder manner a Quarantän. An trotzdeem stierwe Leit. Déi aner Länner si just mol virsiichteg. Mee do ass da keen Toilettëpabeier méi an de Regaler.

Mee wat ass da lo déi richteg Léisung? Musse mer eis doheem aspären? Oder einfach ophalen, eis verréckt ze maachen? Ech weess och elo net, wat méi beonrouegend ass: d'Iddi, datt ech stierwe kéint, oder d'Iddi, datt ech e puer Wochen ouni Toilettëpabeier misst auskommen?

Mënschlech Natur

Innerhalb vun engem Staat ass e Mënsch net ze vill direkt eng Gefor fir seng Matmënschen. Et kann een dorop vertrauen, datt een net permanent a Liewensgefor ass, soubal een engem anere begéint.

Et gëtt natierlech ëmmer Leit, déi fir hir Matmënschen eng potentiell Gefor sinn. Mee am grousse Ganzen hält sech de Risiko, dee vun eise Matmënschen ausgeet, a Grenzen. Am Normalfall. Well d'Leit wëssen, wat passéiert, wa si d'Reegele briechen.

Wann et awer op emol net méi ëm den Alldag geet, dann ännert sech dat. Wa mer eis Suergen ëm eist Iwwerliewe maachen, dann ass et op eemol net méi wichteg, ob eng Aktioun legal ass oder net. Wien dout ass, kann zwar net bestrooft ginn, mee en ass eben dout.

A mir liewe jo an enger Gesellschaft, déi gären um Bord vun der Hysterie ass. Hysterie mécht jo och Spaass. Wann ee sech iwwer déi aner opreege kann, da muss ee sech jo net mat sech selwer befaassen. Dat ass nett.

Mee wat ass, wann elo en plus vun der Flüchtlingskris, dem Terrorismus, der Klimakris, dann nach e puer weider Krisen dobäikommen? Nämlech déi vun engem Virus, dee mer net ënner Kontroll hunn, an dohanner de Risiko vun enger néier Weltwirtschaftskris.

Verschidde Kulturkritiker mengen, datt wärend dem Kale Krich Vampir-Filmer in waren. Vampire sinn nämlech stellvertriedend fir e mächtege Feind, wéi z. B. d'Sowjetunioun. E mächtegen, mee kloer identifizéierbare Feind.

Haut wieren dofir éischter Zombie-Filmer in. D'Gefor haut kënnt gefillt vun iwwerall hier. Jiddweree ka potentiell en Amokleefer oder en Terrorist sinn. D'Päerd, dat an der Lasagne ass, ass net just keng Kou, mee deemno wéi och nach gëfteg. D'Loft, déi mer ootmen, mécht eis krank. An elo ass dann och nach ee weidere potentielle Killer ënnerwee, an zwar een, deen een dann och nach net gesäit.

Gutt, ech géif jo lo dann d'Fro stellen, ob mer panikéiere sollen oder net. Mee, wéi e Kolleeg bemierkt huet, déi Fro wier falsch. Et decidéiert ee jo net, ze panikéieren. Kognitiv wiere mer do op engem aneren Niveau.

Naturzoustand

Mee stelle mer eis emol vir, et kéim zum Äussersten. Ganz Stied ginn isoléiert, dono ganz Länner, d'Wirtschaft fält zesummen, ee Staat nom aneren brécht auserneen, déi leschten Toilettëpabeier-Fabrick brennt of, an alles ass futsch.

An der Philosophie gëtt et do e Gedankenexperiment, dat esou en Zoustand beschreift. Et handelt sech dobäi ëm den Naturzoustand. Den Naturzoustand soll de Mënsch beschreiwen, a senger natierlecher Form, d. h. éier hie Gesellschaften a Staaten erfonnt huet.

Gutt, et gi Gesellschaften a Staaten, an den Naturzoustand ass just e Gedankenexperiment iwwer eng hypothetesch Situatioun. An der Praxis gouf et deen Zoustand ni, an et kann en eigentlech och net ginn.

Mee wat wier, wa mer an esou engem Zoustand wieren? Déi eng mengen, datt de Mënsch vun Natur aus sozial wier. Déi ginn dovun aus, datt et net laang géif daueren, bis mer eis erëm sozialiséiere géifen. Da géif aus den Äsche vun der aler Gesellschaft eng nei entstoen. Op der Säit vun esou Denker kéint een zum Beispill de franséische Philosoph Jean-Jacques Rousseau zitéieren.

Op der anerer Säit gëtt et awer och d'Pessimisten. Dee Bekanntsten dierft wuel den Thomas Hobbes sinn. Laut him ass de Mënsch, wann et kee Staat gëtt, eng riseg Gefor fir seng Matmënschen.

Falls eis Staate verfale sollten, da wier un en Zesummeliewe guer net méi ze denken. Da wiere mer éischter an enger Situatioun à la Mad Max, mee just nach méi brutal. Well an de "Mad-Max"-Filmer gëtt et nach Gesellschaften, egal wéi barbaresch a kleng se am Verglach zu eiser aktueller sinn. Vläicht géif den Hobbes esouguer mengen, datt d'"Mad-Max"-Filmer realistesch sinn an net dystopesch.

Et gouf scho Kläppereie wéinst Toilettëpabeier. Desinfizéiermëttel gëtt geklaut. De Mënsch weist am Fong, alt erëm, datt et mat der Zivilitéit net wäit hier ass. A mam Vertrauen an d'Matmënschen an an de Staat och net.

Den Thomas Hobbes huet a sengem Buch "Leviathan" e System opgestallt, deen net probéiert, de Mënsch ze verbesseren. Dem Hobbes säi "Leviathan" wëllt e friddlecht Liewe garantéieren. Et geet net ëm Moral.

Zesumme si mer staark? Oder krank?

Et geet ville Leit och net ëm Moral, dat gesäit een ëmmer an ëmmer erëm. Gäre gëtt een sech zwar den Air, e gudde Mënsch ze sinn. Mee ob eppes dohannert ass, ass eng aner Fro.

Mee déi Kris ... oder Krisen, déi stellen eis awer och virun eis eege Verantwortung. Si weisen eis am Fong, datt ongebremste Konsum näischt Selbstverständleches ass. An datt et am Liewe vläicht méi Wichteges gëtt, wéi ongehemmte Konsum.

Och déi aktuell Krise weisen eis erëm ganz kloer, datt eise System Grenzen huet. An och, datt et net vill brauch, bis datt eis animalesch Instinkter d'Iwwerhand huelen iwwer déi ziviliséiert Mask, mat där mer eis awer och gäre presentéieren.

Leit, déi hire Militärdéngscht oder hiren Zivildéngscht geleescht hunn, déi soen dacks, datt dat hinnen e ganzt anert Bild vu sech selwer ginn huet. De Fait, datt een eng Kéier a sengem Liewen déngt, amplaz just ze produzéieren oder ze konsuméieren, hätt hinne gewisen, wéi wichteg an zefriddestellend dat kéint sinn.

An d'Fransouse si jo och mat hirem Service national universel amgaang dorun ze dokteren, der Jugend e Gefill vu sozialer Verantwortung ze vermëttelen.

Et schwätzt ganz villes dogéint, de Bierger duerch esou Aktiounen ze sozialiséieren. Mee op der anerer Säit gesi mer awer och, datt vill Leit d'Gefill hunn, op sech selwer gestallt ze sinn.

Wéi d'Metal-Band Manowar gesongen hunn: "Stripes on a tiger don't wash away". Et kritt ee sécher de Primat net aus dem Mënsch eraus-erzunn. Mee et kritt een awer vläicht dat Gefill vun Angscht an Hëlleflosegkeet an Egoismus ersat duerch e Gefill vu Gemeinschaft.

Gutt, lo ass dann d'Fro, wat Är Opfaassung vun der mënschlecher Natur ass? Sidd Dir e Pessimist, oder en Optimist? Wann Der e Pessimist sidd, dann hutt Dir warscheinlech jo scho laang Äre Bunker am Keller oder am Gaart. Da kann d'Apokalyps kommen.

Wann Dir awer en Optimist sidd, jo, dann ... dann hutt Dir et méi schwéier, well dann hutt Dir jo nach Hoffnung, datt net alles schif geet. An ech mengen, psychologesch ass dat bei dëser Kris dat Schwieregst. Hei hu mer dann éischter e Schrecken ouni Enn. Dat ass net flott. Kloer. Mee ass dat net dann och den ideale Moment fir ze weisen, wat een als Gesellschaft esou drop huet?