Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Verschwörungstheorië ronderëm d'Wieder

Reen a Bou

Weider Verschwörungstheorië ronderëm d'Wieder

Verschwierungstheorie sinn de Moment erëm besonnesch staark am Ëmlaf. Déi leschte Kéier ass et an dëser Emissioun ëm d'Theorie vun de Chemtrails gaangen - an och dës Kéier geet et mat dëser a nach e puer weideren interessante Behaaptunge virun. Am Reen a Bou vun haut geet de Philippe Ernzer awer och Mythe ronderëm cheemesch Manipulatioun vum Wieder an den HAARP an.

auto_stories

5 min

Déi leschte Kéier hu mir eis am Reen a Bou mat der Verschwierungstheorie ronderëm d'Chemtrails befaasst. Mir sinn op de Fazit komm, datt et sech bei de wäisse Sträifen um Himmel net ëm Chemikalien handelt, déi geziilt ausgescheet ginn, fir d'Leit ze vergëften oder hir Gedanken ze kontrolléieren. Bei engem Punkt hu mir awer misse méi wäit aushuelen, nämlech bei der Saach mat der Wiedermanipulatioun an dem Afloss vun de Sträifen, also de Contrails, op eise Klima.

Wéi scho betount gehat, droe Kondenssträifen, genee sou wéi aner Aarte vun Emissiounen, zur Äerderwiermung bäi - also si se och mat fir de Klimawandel verantwortlech. D'Kondenssträifen eleng maachen awer just e ganz klengen Deel aus. A Punkto Äerderwiermung spillt dat Ganzt also tatsächlech eng kleng Roll, mee wéi gesäit et mam Wieder aus? Kann ee wierklech mat Hëllef vu Chemikalien oder anere Mëttelen d'Wieder manipuléieren?

D'Wolleke fréizäiteg ausreenen

Op dës Fro kann een net direkt mat "jo" oder "nee" äntweren, well et nach net konnt nogewise ginn, ob folgend Moossnamen iwwerhaapt eng Wierkung hunn. Dës Moossname sinn: mat Fligere Wolleke mat bestëmmte Substanzen "impfen". D'Zil ass et, d'Wolleke schonn éischter dozou ze bréngen, sech auszereenen - oder och, fir de Reen do ofzeloossen, wou et fir d'Natur am wichtegsten ass, haaptsächlech am Fall vun engem gréisseren Nidderschlagsdefizit.

Bei eis an Europa ginn d'Wolleken och plazeweis "geimpft", haaptsächlech zu Baden Württemberg an och a Bayern. Statistesch gesi kënnt et do méi oft zu Donnerwieder mat grousse Knëppelsteng.

Vun Abrëll bis September fléien d'Pilote vun der "Hagelabwehr" an den Opwand vun engem Donnerwieder eran. Sou wéi d'Rakéite bei engem Krichsfliger, hunn d'"Hagelflieger" Verbrenner un de Flilleken hänken, an deene Sëlweriodid verbrannt gëtt. Den Damp dovu gëtt vum Opwand vum Donnerwieder an d'Donnerwiederzell selwer gezunn. Et gëtt probéiert, eng Zell fréizäiteg ausreenen ze loossen. E fréizäitegt Ausreene soll verhënneren, datt sech d'Äiskristaller am Opwand ëmmer méi vergréisseren a schlussendlech als grouss Knëppelsteng op de Buedem falen.

Schued verhënneren

D'Missioun vun der sougenannter "Hagelabwehr" ass virun allem wichteg fir d'Landwirtschaft, fir de Verloscht vu Planze sou kleng wéi méiglech ze halen - och awer fir de Schutz vun de Leit, well Donnerwieder mat Knëppelstengstierm ëmmer erëm fir immens grousse Schued suergen.

Fir e Beispill ze nennen: den 28. Juli 2013: zu Baden Württemberg an och an Deeler vu Bayern hunn zwou Superzelle Knëppelsteng mat Gréisste vun tëscht 4 an 10 cm am Duerchmiesser ofreene gelooss - et war mat 2,8 Milliarden Euro de bis ewell gréisste Versécherungsschued, wat Knëppelsteng ugeet an Däitschland.

De 6. August am selwechte Joer ass am Beräich vun enger Superzell am Raum Reutlingen e Knëppelstee fonnt ginn, deen en Duerchmiesser vu 14,1 cm hat - ongeféier esou grouss wéi eng Orange. Fir ze vergläichen: de gréisste bis ewell weltwäit gemoossene Knëppelsteen hat en Duerchmiesser vun 20 cm an en Ëmfang vu 47,3 cm. D'Gewiicht: 0,88 Kilogramm. Fonnt gouf dëse Rekord- Knëppelsteen den 23. Juli 2010 zu Vivian am US- Bundesstaat South Dakota.

Hëllefe Wollekenimpfungen?

D'Wollekenimpfung kënnt op ville Plazen op der Welt an den Asaz: an Éisträich, der Schwäiz, am Südweste vu Frankräich, Nordspuenie, Südosteuropa, Kanada, Argentinien, China, Russland an och an den USA - oft och am Zesummenhang mat groussen Eventer, wéi z.B den Olympesche Spiller.

Mee bréngt dat Ganzt lo eigentlech eppes? Wéi scho virdru kuerz ugeschnidden, ginn et keng Beweiser dofir, ob d'Wollekenimpfung wierklech funktionéiert. All Schauer- an Donnerwiederzell an all Grousswiederlag ass op hir eegen Aart a Weis eenzegaarteg, et huet een also keng wierklech Referenz fir ze kucke wat geschitt wier, wann een d'Wolleken net geimpft hätt. A ville Fäll ka sech en Donnerwieder beispillsweis aus Zoufall a natierleche Grënn ofgeschwächt oder éischter ausgereent hunn. Dass et iergendeen Afloss huet ass scho méiglech, als wierklech effektiv weist sech dat Ganzt awer net.

Wiedermanipulatioun

Nodeems mir eis also elo déi zwou Säiten zum Thema Chemtrails a Wollekenimpfung ugekuckt hu, komme mir bei eng aner interessant, mee awer och liicht widderleebar Theorie. Mir bleiwe bei der Wiedermanipulatioun - an zwar duerch den Antennepark "High Frequency Active Auroral Research Program". Der US- Regierung gëtt virgehäit, mat dëser Antennenanlag Wierbelstierm, Äerdbiewen a schlecht Laun bei de Leit auszeléisen an domat och nach Gedanken ze kontrolléieren.

A Wierklechkeet besteet HAARP aus 180 Radiosantennen, déi elektromagnéitesch Wellen an den Himmel schécken. Domat soll d'Ausbreedung vu Funkwellen an der Atmosphär ënnersicht an analyséiert ginn, wat iwwerhaapt keng Gefor fir entweder d'Natur oder eis Mënschen duerstellt. Besonnesch am Fokus ass d'Ionosphär, also déi äusserst Schicht vun der Atmosphär, déi vill gelueden Deelercher enthält. Un dësen Deelercher ginn d'Funkwellen op de Buedem zeréckreflektéiert, wat fir d'Fuerscher besonnesch interessant ass.

Alles iwwer den HAARP- Programm kann een am Internet op den offizielle Sitten noliesen, souguer Donnéeë ginn de Notzer fräi zur Verfügung gestallt. Et gëtt näischt ze verstoppen - an awer ass et fir d'Unhänger vun dëser Theorie eng Anlag, déi eis nëmme Schlechtes bréngt a vun der US- Regierung géint eis agesat gëtt.

Fir ze weisen, dass HAARP keng Geheimwaff géint d'Mënschheet ass, kucke mir eis en interessante Verglach un: D'Antenne vun der Anlag hunn eng Leeschtung vun 3,6 Megawatt. Dat entsprécht ongeféier der Leeschtung vun 2.000 Fönen an 3.000 Staubsaugeren. Also zimmlech onwarscheinlech, dass ee mat HAARP extrem Tropestierm an Äerdbiewen ausléise kann - a scho guer keng Kontroll iwwer Gedanken. Déi Energie, déi bei engem Äerdbiewen oder Hurrikan um Wierk ass, kann onméiglech duerch HAARP produzéiert ginn. An eise Gehierer ginn et zwar elektresch Virgäng, allerdéngs sinn eis Käpp keng Radiosantennen. Déi eenzeg elektromagnéitesch Stralen déi eis wierklech areechen a beaflosse kënne sinn déi, déi an ëmgewandelter Form aus eisem Radio kommen oder um Fernseeschierm projezéiert ginn - an zwar als Noriichtesendungen, Sitcomen a soss Medien, déi ee gäre consomméiert.