Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Ranking fir de Klimaschutz

Paräisser Klimaofkommes

E Ranking fir de Klimaschutz

Déi global Äerderwäermung ënner zwee Grad halen, dat ass eent vun den Ziler vum Paräisser Klimaaccord. D'EU huet sech donieft och dozou verflicht, d'Emissiounswäerter bis 2050 ëm 80 bis 95 Prozent ze reduzéieren. Wéi d'Länner beim Klimaschutz ofschneiden, analyséiert eng Etude vun Ëmweltorganisatiounen.

auto_stories

5 min

Mat hirem Klimaschutz-Index stellen déi dräi Ëmwelt-ONGen Germanwatch, Climate Action Network International an New Climate Institute zënter 2006 all Joer e Ranking op, an deem si 57 Länner no hirem Engagement fir de Klimaschutz bewäerten. Dës Länner wiere fir 90 Prozent vun de globalen Emissioune responsabel a géifen domadder zu engem groussen Deel zum Klimawandel bäidroen, esou de Jan Burck vu Germanwatch. Fir dës Ranglëscht opzestellen, hätt een d'Länner a verschiddene Kategorië bewäert. Dofir misst ee sech als éischt d'Emissiounen ukucken, an zwar d'per capita Emissiounen, an den Trend vun den Emissiounen. Weiderhi géif ee sech d'Léisunge vun de Länner ukucken, also d'Entwécklung an den Niveau vun den erneierbaren Energien. Et misst een awer och kucken, wéi eng Ziler sech d'Länner am Klimaschutz géife setzen.

Dräi eidel Plazen am Ranking

Déi éischt dräi Plazen am Klimaschutz-Ranking sinn eidel, well kee Land genuch mécht, fir de Klimawandel ze verhënneren. Dat bescht Land am Ranking ass dowéinst Schweden op Plaz véier. Iwwerhaapt wieren déi skandinavesch Länner gutt opgestallt beim Klimaschutz, seet de Jan Burck, ee vun den Auteure vun der Etude. Norwegen kënnt am Index op Plaz siwen, Finnland op Plaz néng. Schweden géif staark vu gudde Klimaschutzgesetzer aus den 90er Jore profitéieren. Deemools wier e ganz héije Präis op den CO2 agefouert ginn. Doduerch hätt Schweden beispillsweis quasi keng Emissioune méi bei Gebaier. Norwegen géif vu senger héijer Waasserkraaft profitéieren, a Finnland hätt an de leschte fënnef Joer d'Emissioune ganz staark reduzéiert.

Et wier interessant, datt grad Länner, déi duerch déi extrem Keelt eigentlech iwwert d'Joer méi Energie brauchen, beim Klimaschutz esou gutt ofschneide géifen, seet de Jan Burck. Bei den osteuropäesche Länner wier d'Situatioun ganz anescht, ënnert anerem well si do nach vill op d'Kuelekraaft zréckgräife géifen. E Problem deen et a villen europäesche Länner géif ginn, seet de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes. Dat hätt de Grond, datt ee Kuelekraaft nach bräicht, well net genuch fir d'erneierbar Energie gemaach géif ginn. Eng Léisung wier et, sech méi héich Ziler fir de Klimaschutz ze ginn, seet de Claude Turmes. De Moment wieren déi nach ze niddereg. Fir déi ze kompenséieren, misst een tëscht 2030 an 2040 quasi guer keng Emissiounen hunn, an dat wier onméiglech. Wann déi europäesch Länner hir Ziler net géifen erhéijen, wier et onméiglech, d'Objektiver vum Paräisser Ofkommes z'erfëllen, seet den Europadeputéierte vun déi Gréng.

China an USA als wichteg Acteuren

Staaten, déi an de leschte Jore méi fir de Klimaschutz géife maachen, wieren Entwécklungs- a Schwellelänner, esou de Jan Burck. Marokko zum Beispill wier e Virreider bei erneierbarer Energie, dofir kéime si am Klimaschutz-Index och op d'Plaz sechs. En anert Land, wat an de leschte Joren de Klimaschutz fir sech entdeckt hätt, wier China, esou de Referent fir Klimaschutz bei Germanwatch. Eng eendeiteg Bewäertung vum Land wier awer schwiereg. Op der enger Säit hätt China natierlech nach ëmmer ganz héich Emissiounen, an d'per capita Emissioune géife souguer iwwert dem EU-Duerchschnëtt leien. Op der anerer Säit géif China erneierbar Energien awer ganz vill ausbauen a géif och ganz vill fir Energieeffizienz ënnerhuelen.

Wou een op der enger Säit China hätt, déi sech elo méi fir d'Klima asetzen, hätt een op der anerer Säit d'USA, déi ugekënnegt hunn, 2020 aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen, seet de Jan Burck. Deementspriechend wieren d'USA och nëmmen dat fënneft-lescht Land am Klimaschutz-Ranking. D'Annonce vum US-President Donald Trump, sech net méi un d'Paräisser Klimaofkommes halen ze wëllen, hätt bis elo awer keng negativ Konsequenzen op déi aner Länner gehat, de Géigendeel wier de Fall. Den indesche Ministerpresident Modi hätt sech ganz däitlech zum Paräisser Ofkommes bekannt. Beim leschten G20-Sommet hätte sech d'G20-Länner och zu ambitionéierten Ziler verflicht.

Zesummenaarbecht op puer Niveauen

Et wier gutt, datt d'Länner zesummeréckelen, seet de Claude Turmes. Kooperatioun wier och beim Klimaschutz wichteg. D'Europäesch Unioun misst der Meenung vum gréngen Deputéierten no och méi an deem Beräich zesummeschaffen. Dofir misst awer och de politesche Kader geschaaft ginn. D'Zesummenaarbecht iwwer Grenze misst bei den erneierbaren Energië vereinfacht ginn. Et géif ee probéieren, am nächste Budget vun der EU méi Gelder ze kréien. Och Lëtzebuerg géif dovunner profitéieren, fir grad bei den erneierbaren Energië mat anere Länner zesummenzeschaffen, esou de Claude Turmes.

Lëtzebuerg läit am Ëmwelt-Ranking vun den dräi ONGen op Plaz 25. Wou de Grand-Duché schlecht ofschneide géif, wier bei de per-capita-Emissioun, esou de Jan Burck. Mat 15 Tonne pro Awunner hätt en ee vun de schlechtste Wäerter weltwäit. Laang wier Lëtzebuerg och ee vun de schlechtsten EU-Länner am Index gewiescht. An de leschte Joren hätt et beim Klimaschutz awer eng positiv Entwécklung ginn. Lëtzebuerg wier schwéier z'evaluéieren, well et dat klengst Land am Index wier. Effekter wéi den Tanktourismus géifen eng grouss Roll spillen. Lëtzebuerg hätt zwee Drëttel vu sengen Emissiounen am Transportberäich, an dorunner kéint Lëtzebuerg ganz séier eppes änneren.

Dacks genuch hätt hien eppes um Lëtzebuerger Klimaschutz ze kritiséieren, esou den Europadeputéierte Claude Turmes. Wou de Grand-Duché awer exemplaresch Aarbecht leeschte géif, wier bei der Kooperatioun mat de Gemengen. An eng Zesummenaarbecht op lokalem Niveau wier wichteg. Nëmme wann an de Länner op de verschiddene Niveauen zesummegeschafft gëtt, kéint een d'Klimaschutz-Ziler erreechen, déi ee sech gesat hätt, esou de Claude Turmes.