Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een Afloss huet d'Virtual Reality op d'Spiere vu Péng?

Fuerschung

Wéi een Afloss huet d'Virtual Reality op d'Spiere vu Péng?

Virtual Reality kennt een haaptsächlech aus Videospiller: et kann ee sech an eng aner Welt, eng Illusioun eraversetzen. Mee och an der Fuerschung ass dat Thema de Moment ganz interessant. Op der Universitéit Lëtzebuerg ënnersiche véier Fuerscherinnen, wéi een Afloss eng virtuell Realitéit op d'Empfanne vu Péng kann hunn.

auto_stories

3 min

Am MExLab vun der Universitéit Lëtzebuerg ginn Etüden am Beräich vum Gaming duerchgeféiert. Dat geet vum Behuelen, dat ee beim spille weist, iwwer Aggressiounen, bis hin zu Gender-Froen.

Een Eck vun dësem Labo ass fir d'Virtual Reality reservéiert. Hei féieren déi dräi Doktorandinne Katharina Rischer, Elisabeth Holl a Layla Battistutta zesumme mat der Master-Studentin Katharina Barcatta hir Etüd duerch. Si alle véier studéiere Psychologie. Wat si do genee maachen, erkläert d''Layla Battistutta:

"Mir maachen eng Etüd dozou, wéi ee Péng empfënnt, wann een an engem Virtual-Reality-Setting ass. Dat heescht, et huet een e Brëll op, an et ass een an enger immersiver Welt. An da kucke mir wéi eng Roll d'Opmierksamkeet do spillt, a wéi een d'Hëtzt empfënnt."

Donieft géif een och kucken, wéi sech d'Astellung zur Péng duerch d'virtuell Realitéit verännert, seet nach d'Katharina Rischer.

Mat Virtueller Realitéit géint Péng

Et ass net déi éischte Kéier, datt Etüden zu deem Thema gemaach ginn. Et géif ee sech och op eng aner Etüd baséieren, seet d'Elisabeth Holl:

"Déi hunn awer bal déi ganzen Zäit mat Patiente geschafft, déi akut Péng hunn, zum Beispill mat Persounen, déi grouss Deeler vun hirer Haut verbrannt haten. Déi hunn dann Dehn-Übunge misste maachen, wat vill wéi gedoen huet. An als alternativ Therapie zu Medikamenter hunn d'Fuerscher erausfonnt, datt Virtual Reality do hëllefe kann. Während dësen Dehn-Übungen hunn d'Patienten eng VR-Brëll gedroen an hu gespillt."

Datt et do positiv Resultater gouf, huet vill mat der Technologie ze dinn. Duerch de Brëll kann ee säi Kapp dréien an et ass een an déi Illusioun agedaucht, a virun allem ass een entspaant.

Déi Etüden, déi et an deem Beräich scho gouf, ware bis elo klinesch opgebaut. Dat heescht, et goufe Patiente geholl, déi scho Péng haten, an d'Fro war dee Moment, wéi een d'Virtual Reality als Alternativ oder Ergänzung zu der Therapie asetze kann. Déi véier Fuerscherinne vun der Universitéit Lëtzebuerg hunn awer en aneren Usaz. Et geet drëms ze verstoen, wéi dëse Mechanismus funktionéiert, seet d'Elisabeth Holl:

"Et gëtt eben déi Erkenntnis, datt wann ee Péng huet, ee sech awer mat enger anerer ustrengender Aufgab oflenkt, een dann dës Péng souzesoe vergësst. An deen Effekt wëlle mir eis méi genee ukucken a verstoen, firwat funktionéiert dat esou gutt an ënner wéi enge Konditiounen?"

Déi virtuell Realitéit, an déi d'Probante bei der Etüd andauchen, ass d'Welt vum Videospill "Subnautica". Eng Ënnerwaasserwelt, an där een dann eng Streck ofschwamme muss an dobäi verschidden Aufgabe léise muss.

"Subnautica" als Experiment

D'Péng, déi d'Leit spieren, déi beim Experiment matmaachen, kënnt vun enger Thermode, enger Keramik-Uewerfläch, déi de Computer lues a lues erhëtze kann. Soubal et dem Probant dann ze waarm gëtt, en also Péng spiert, kann e per Tast d'Temperatur nees op en angenehmen Niveau erofgoe loossen. Et gëtt da gemooss, wéi laang dauert et bis d'Leit soen: elo deet et mIr wéi. Donieft gëtt och ënnersicht, wéi vill d'Leit schweessen, well d'Péng dat intensivéiert.

Nach bis Enn November wäerten déi véier Wëssenschaftlerinne mat hiren Teste weiderfueren. Gesicht gi Persounen tëschent 18 a 35 Joer. Wann Dir Loscht hutt matzemaachen, kënnt Dir Iech ënner dëser Adresse mellen: studiemexlab@gmail.com