Lauschtergeschicht Wéi d'Hoppeldiboppel-Huesen d'Monster Wuschelgranz uschmieren
Fir Ouschtere presentéiert de radio 100,7 eng Geschicht vum Ouschteree a vum Wuschelgranz. Text a Musek: Rudi Schubert.

Déi ganz Geschicht lauschteren
Bei den Hoppeldiboppel-Huesen ass Ouschtere besonnesch vill lass, well da ginn erëm ganz vill Eeër fir d'Kanner gefierft an am Bësch verstoppt.
Mee opgepasst: Am Bësch wunnt och d'Monster Wuschelgranz, dat nëmmen drop waart, déi lecker Eeër futti ze maachen.
Net dëst Joer! Déi clever Huesen hunn ee Plang, fir d'Monster aus dem Bësch unzeschmieren.