Radioen

On air

Concert  |  Beethoven, der Europäer

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ 8. Mee

Fräie Mikro

8. Mee

Haut virun 80 Joer war den 2. Weltkrich an Europa eriwwer. Den 8. Mee huet Däitschland virum Generol Eisenhower kapituléiert an en Dag duerno virun der Sowjetunioun. Wéi ënnerschiddlech deen Dag haut gesi gëtt, beliicht d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Simone Beck | © Chris Zeien play_arrow
Simone Beck (Foto: Chris Zeien)

Mat der Kapitulatioun vun der Wehrmacht waren net nëmme Militäroperatiounen an Europa eriwwer, mee och d’Ermuerdung an d’Verfollgung vu Millioune Mënschen, déi net an d’Nazi-Schabloun gepasst hunn. Wéi geet ee mat esou engem Datum ëm? Fir déi eng ass den 8. Mee Victory in Europe-Day oder d’Journée de la Victoire, fir déi aner erënnert deen Dag un Néierlag, Zerstéierung a Verdreiwung. An der fréierer DDR gouf bis 1966 den 8. Mee als Tag der Befreiung des deutschen Volkes vom Hitlerfaschismus gefeiert, wärend en am Westen en éischter besënnleche Gedenkdag war. D’Perceptioun vun deem Dag huet an der BRD geännert, wéi de President Richard von Weizsäcker a senger remarkabeler Ried vun 1985 gesot huet, fir Däitschland wier den 8. Mee 1945 en Dag vun der Befreiung gewiescht. Der Befreiung vun der Nazi-Gewaltherrschaft an hirem mënscheveruechtende System.

Kee Krich ouni e System, deen e méiglech mécht

Mat klore Wierder huet hien d’Verantwortung an  d’Schold vun Nazidäitschland ëmrass a gesot, datt den 8. Mee 1945 net denkbar gewiescht ouni den 30. Januar 1933, deen Dag, wou den Adolf Hitler Kanzler gouf. Seng Partei gouf demokratesch gewielt, hie gouf gewäerde gelooss, hien huet seng Géigner stigmatiséiert an ausgeschalt, d’Verfassung ignoréiert, d’Fräiheeten ageschränkt a fir seng geféierlech Iddien eng Sprooch fonnt, déi jidderengem zougänglech war. De Verglach mat aktuelle Persounen an Ëmstänn drängt sech op.

Universell Wäerter mat Verfallsdatum

De Geschichtsverdréier am Wäissen Haus huet decidéiert den 8. Mee einfach Victory Day for World War II ze nennen an in Europe erauszehuelen, well d’Europäer jo net vill zu der Nidderlag vun Nazidäitschland bäigedroen hätten. Well – “nobody was close to us in bravery and brilliance”. Maach jo sinn, awer déi selwecht Wäerter, déi  Amerika deemools verteidegt huet, trëtt et haut mat Féiss. Multilateralismus, Kompromëssbereedschaft, Mënscherechter, d’Iddi, fir verschidden Decisioune supranationalen Organisatioune wéi der UNO ofzetrieden. All dat stellt déi aktuell amerikanesch Regierung a Fro.

Dofir sollen déi Deeg, un deene mer un d’Enn vu Kricher denken, net nëmmen Deeg si mat Militärparaden a feierleche Rieden. Si sollen och dozou féieren, datt mir eis kloer maachen, wéi Regimmer wéi den Nationalsozialismus funktionéiere konnten. Si sollen wia Bléck schäerfe fir änlech Gedanken, déi haut iwwerall zouhuelen a sech a Walresultater nidderschloen.

Soss waren nämlech déi schrecklech Affer vum 2. Weltkrich wierklech ëmsoss, an d’Geschicht riskéiert sech ze widderhuelen.

Lauschterenplay_arrow