Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat stécht dohannert?

Solidaresch Landwirtschaft

Wat stécht dohannert?

De Konsument bezilt e Bauer am Viraus a kritt da fir eng ganz Saison seng Recolte. Esou kann de Bauer aktiv ënnerstëtzt ginn an e faire Loun kréien. Dat ass de Prinzip hanner der Solidarescher Landwirtschaft.

auto_stories

3 min

D'Recolte vum Bauer gëtt gläichméisseg op e Konsumentegrupp opgedeelt, seet de Claude Petit. Hien ass Responsabele vum Projet Solawi (Solidaresch Landwirtschaft) vum Oekozenter Pafendall an de Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.. De Virdeel fir de Bauer wier, datt en am Viraus wéisst, datt en eppes verdéngt an datt en e gerechte Loun kritt. D'Konsumente kréien dogéint frësch Produite vum Bauer.

Grouss Vilfalt op wéineg Terrain

Bei der solidarescher Landwirtschaft kéint ee mat wéineg Terrain eng grouss Vilfalt ubauen a mat wéineg maschinellem Asaz eppes hierstellen. De Konsument kann de Bauer bei esou engem Wirtschaftssystem direkt ënnerstëtzen, zielt de Claude Petit:

"Et brauch een déi Connaissance, datt et massiv Ëmweltproblemer an der Landwirtschaft ginn, déi nach ganz vill verneint ginn: de Biodiversitéitsverloscht an der Agrarlandschaft, datt d'Baueren einfach duerch de Präisdrock net méi esou vill verschidde Saache kënnen uplanzen."

D'Iddi vun der solidarescher Landwirtschaft géif et scho méi laang ginn, seet de Claude Petit. Entstane wier déi an de 60er Joren a Japan, d'Leit hätte keng Loscht méi op ze vill Chimie op de Felder gehat. Déi éischt Initiative hei zu Lëtzebuerg, déi dës Iddi ëmgesat huet, ass 2014 entstanen.

Sechs Initiative mat 500 Clienten

Fir dee System dann nach weider ze propagéieren, huet de Claude Petit vum Oekozenter Pafendall, zesumme mat de Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Solawi-Projet an d'Liewe geruff. De Moment ginn et sechs Initiativen am Land, déi nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft funktionéieren an zesummen de Moment ronn 500 Clienten hunn.

Op deene sechs Plaze gëtt Geméis ugebaut, bei engem Projet gëtt et donieft zanter kuerzem och Fleesch ugebueden. Eng Erausfuerderung wier et an Zukunft ze probéieren déi solidaresch Landwirtschaft méi bekannt ze maachen.

Keng staatlech Hëllef fir esou Projeten

Den Ament géif et keng konkret staatlech Hëllef fir d'Solawi-Projete ginn:

"Déi kéint et awer ginn. Do gëtt et een Artikel am Programm fir ländlech Entwécklung, dee Lëtzebuerg misst aktivéieren am nächsten Agrargesetz. Da kéint dat direkt ënnerstëtzt ginn."

Et géif och keng Ënnerstëtzung beim Akommes ginn, well esou Betriber nëmmen eng kleng Fläch hunn an dacks wéineg Investitiounen néideg sinn. Landwirtschaftlech Betriber géifen dacks iwwer hir Fläsch subventionéiert ginn. Bei de Solawi-Initiativen, déi sech op Geméis spezialiséiert hunn, läit déi engem bis zwee Hektar. Dat wier ze kleng fir esou Subventiounen.

Dat misst sech änneren, esou de Claude Petit vum Solawi-Projet. Donieft missten och d'Gemengen op esou Projeten opmierksam gemaach ginn, fir datt se den Initiativen éischter Terrain zur Verfügung stellen, well duerch solidaresch Landwirtschaft kann de Buedem méi laang bewirtschaft ginn.