Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch Wat d'Bürosklamer an d'Zuchposaun gemeinsam hunn

An de Lëtzebuerger Dictionnairen gëtt traditionell iwwer aner Sprooche gefuer, fir de Sënn vum Wuert ze vermëttelen. Mee och d'Lëtzebuergescht huet Wierder, déi eppes bezeechnen, wat een an anere Sproochen net kann ausdrécken.

Alexandre Ecker / Simon Larosche / tt

Alexandre Ecker
Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Wann ech mech net ieren, dann hate mer déi leschte Kéier driwwer geschwat, datt an de Lëtzebuerger Dictionnairen traditionell iwwer aner Sprooche gefuer gëtt, fir de Sënn vun de Lëtzebuerger Wierder ze vermëttelen...

Alexandre Ecker: Jo, a gewéinlech geschitt dat wéi gesot iwwer déi zwou aner offiziell Sproochen Däitsch an/oder Franséisch. Entweeder mat Iwwersetzungsequivalenzen - do ginn dann zum Beispill dem Wuert Wanter am Lexicon der Luxemburger Umgangssprache dat däitscht Wuert Winter an dat franséischt Wuert hiver géintiwwergesat - oder mat klengen Definitiounen: Am Luxemburger Wörterbuch gëtt een z. B. gewuer, datt e Krappschass e schwächlicher Mensch, e kleiner, unreifer Junge oder e kleinlicher, empfindlicher Mensch ka sinn.

An am Lëtzebuerger Online Dictionnaire, also dem LOD, un deem s du matschaffs, stinn Iwwersetzungen, keng Definitiounen, oder?

Jo, genee, mee nieft dem Däitschen an dem Franséische fënnt een do och englesch a portugisesch Iwwersetzungen. Ganz seele ginn awer och Definitioune benotzt, an zwar do, wou et an den Iwwersetzungssprooche keng Equivalenz gëtt.

Heescht dat, datt et lëtzebuergesch Wierder gëtt, déi eppes bezeechnen, wat een an anere Sproochen net kann ausdrécken?

Jo, sou räich ass d'Lëtzebuergescht! Do gëtt et haaptsächlech zwee Fäll. Entweeder et gëtt an där anerer Sprooch ëmschriwwen. Dat ass zum Beispill de Fall beim Gebuertsdagskand, fir dat mer bis elo kee franséischt Wuert fonnt hunn! Natierlech feieren och d'Leit an de franséischsproochege Gemeinschaften hire Gebuertsdag, mee fir déi Leit ze benennen, fiert een iwwer eng Ëmschreiwung. Dofir dann och d'Definitioun "personne qui fête son anniversaire" am LOD.
Et kann awer och sinn, datt Saachen am Lëtzebuergesche benannt ginn, déi an anere sproochleche Communautéiten iwwerhaapt oder bal net bekannt sinn, wéi zum Beispill d'Aachtchen, déi s de bei de Bäcker kafe gees. Fir beim Franséischen ze bleiwen: d'Iwwersetzung huit, där een hei zu Lëtzebuerg alt beim Bäcker begéint, an och vläicht nach an der Grenzregioun, ass kaum am gréissten Deel vum franséischsproochege Raum bekannt.

Zu Paräis sinn ech der lunette awer schonn als Gebäck begéint... ass dat net dat selwecht?

Bal! D'lunette ass, wéi e Brëll eeben, op enger Säit méi riicht an huet net genee d'Form vun enger Aacht. Dofir gouf dat Wuert och net als Iwwersetzung am LOD zeréckbehalen. Do fënns de dann d'Definitioun "viennoiserie en forme de huit".

Gëtt et där Wierder da vill, déi net kënnen iwwersat ginn?

Nee, fir déi iwwer 33.000 Sënner, déi am LOD beschriwwe sinn, ware knapps 100 Definitiounen néideg, an dat verdeelt iwwer déi véier Iwwersetzungssproochen. An all den anere Fäll goufe pertinent Iwwersetzungsequivalenze fonnt.

Da klappt dat mat deenen Iwwersetzunge jo bal fir 100% vun de Wierder...

Jo, allerdéngs mussen d'Iwwersetzungen an de meeschte Fäll verdäitlecht ginn.

Wéi mengs de dat, verdäitlecht ginn?

Ma komm, ech erklären der dat unhand vun engem Beispill: Wéi géifs du d'Zuchposaun op Franséisch iwwersetzen?

Dat misst trombone sinn, denken ech...

OK, a wéi sees de op Franséisch fir d'Bürosklamer?

Ass dat net och trombone?

Ma dach! Da stell der elo vir, et kennt e franséischsproochege Benotzer eent vun deenen zwee lëtzebuergesche Wierder - z. B. Bürosklamer - net an e geet et an den Dictionnaire sichen. Wann da just trombone do steet, dann ass em net wierklech gehollef. Well fir dat Wuert huet en op d'mannst zwou Bedeitungen am Kapp an e weess net, ob een an eng Bürosklamer ka blosen oder ob een se ka benotzen, fir Blieder uneneenzeheften.

A wéi kann em dann do gehollef ginn?

Ma ganz einfach doduerch, datt hanner den zwee- oder méideitegen Iwwersetzungen e klengt Verdäitlechungselement steet: Bei Zuchposaun a bei Bürosklamer gëtt am éischte Fall trombone duerch [instrument de musique], am zweete Fall duerch [petite agrafe] verdäitlecht. Dat Element steet am LOD tëschent eckege Klameren direkt hanner der Iwwersetzung.

Ass dat dann eppes, wat dacks muss gemaach ginn?

Jo, bal d'Hallschent vun den Iwwersetzunge si méideiteg a musse verdäitlecht ginn. Am LOD stinn deemno iwwer 50.000 där Verdäitlechungselementer, natierlech och do erëm verdeelt iwwer déi véier Iwwersetzungssproochen Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Wann déi Elementer esou wichteg sinn, da gëff eis wgl. nach e Beispill!

Ganz gär! Mir kënnen eis d'Wuert Iesel ukucken, wann s de wëlls. Dat huet am Lëtzebuergeschen zwee Sënner, déi am Däitschen allen zwee mat Esel kënnen iwwersat ginn.

Eng Kéier ass et en Déier an eng Kéier ass et eng Persoun, oder?

Genee, dofir steet hanner der Iwwersetzung Esel eng Kéier d'Verdäitlechung Tier, an eng Kéier d'Verdäitlechung Dummkopf!

A wéi eng Wierder brauchen net verdäitlecht ze ginn?
Ma huel e Wuert ewéi Fussballsweltmeeschterschaft. Am Engleschen ass dat world football championship - dat ass eendeiteg a brauch net verdäitlecht ze ginn.

Fussballsweltmeeschterschaft... dat ass awer e laangt Wuert!
A: Haha, jo ... a wann s de wëlls, da kucke mer d'nächste Kéier zesummen, ob et am Lëtzebuergeschen net vläicht nach méi laanger gëtt!

Méi zum Thema

Sam Mersch
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

De Sam Mersch, Sproochhistoriker beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erzielt eis an der Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch" eppes iwwer den Numm vun der Sprooch a seng Bedeitung.

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen