Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bréngt den Nutri-Score?

Mäin Europa

Wat bréngt den Nutri-Score?

Wien huet net scho bei engem Produit d'Tabell mat den Nährwerter hannendrop ugekuckt, mee se net richteg verstanen? Fir de Konsumenten zousätzlech dozou méi een einfachen Zougang zu den Nährwerter ze vermëttele gëtt et an enger Rei EU-Memberstaate de sougenannte "Nutri-Score".

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / wwwebmeister

De Label dee vereinfacht gesot ee verschaffte Produit no Nährwert bewäert. Och hei am Land ass de Konsumenteschutzministère a Gespréicher doriwwer ob de Label soll recommandéiert ginn. Een Zil vum Nutriscore ass et, fir zu enger méi gesonder Ernährung bäizedroen a géint Iwwergewiicht virzegoen. De Label steet awer ënner anerem an der Kritik, well en zum Beispill Zousazstoffer keng Rechnung dréit. D'Françoise Keller huet fir d'Serie "Mäin Europa" nogefrot, wat den Nutri-Score bréngt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.