Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass Krich?

Prisma

Wat ass Krich?

Dem Einstein no gëtt de Véierte Weltkrich mat Steng a Bengelen ausgedroen. Wat hien awer a sengem Zitat vergiess huet ze erwänen, ass, datt d'Säbelrassele fir den Drëtte Weltkrich op Twitter ausgedroe kéint ginn. Mee steiere mer dann elo op e Krich hin? Alt erëm eng Kéier? Oder si mer net scho laang am Krich? Den Thomas Koenig huet d'Konzept vu Krich ënner d'Lupp geholl.

auto_stories

6 min

Kréie mer elo Krich? Déi Fro krut ech vu menge Schüler relativ dacks gestallt. A laut mengen Aarbechtskolleegen - Pardon, Dir kennt mech vläicht net, ech sinn haaptberufflech Proff an engem Lycée, a meng Kolleegen, déi Philosophie oder Vie et Société ginn, hu mir gesot, datt si och méi oder manner reegelméisseg mat der Fro konfrontéiert goufen.

Dat kléngt jo am Fong wéi eng einfach Fro. Kréie mer Krich, oder net? D'Äntwert op eng Jo/Nee-Fro ass a priori entweder jo oder nee. Ech perséinlech tendéieren dozou, nee ze soen, an de Fait, datt Dir grad amgaang sidd, dëst ze liesen, amplaz dem thermonukleare Champignon nozekucken, dee sech potentiell grad um Horizont ausbreede kéint ... jo, dat schéngt mir bis op Weideres jo mol Recht ze ginn, wann ech mengen, datt den Drëtte Weltkrich net grad amgaang ass auszebriechen. Wat elo net heescht, datt et néierens op der Welt Krich gëtt, mee meng Äntwert op d'Fro "Kréie MIR Krich?" ass mol nee.

An, ganz ënner eis, ech mengen d'Fro ass och falsch gestallt. Wann ee sech elo freet, ob mer Krich kréien, da muss ech do mol d'Géigefro stellen, ob dat net scho laang de Fall ass. Ech weess, ech widdersprieche mer hei liicht, mee dat läit un der Definitioun vun deem, wat Krich ass.

Wat ass Krich?

Eis Opfaassung vum Krich ass warscheinlech net ganz koherent mat der Realitéit vum Krich um Terrain. Wann ee vu Krich schwätzt, da kann ee mol Biller vu risegen Arméien an de Kapp kréien, vu Militärparaden, vu Medailen, vu Schluechtfelder, an esou weider.

Dat si Biller vun den Kricher vum 18. an 19. Joerhonnert, wou staatlech Arméie sech géigesäiteg op engem Schluechtfeld bekämpft hunn, wou et meeschtens dann och e kloer erkennbaren Ufank an e Schluss gouf, Militärkierfechter, Nationalsymboler, an de ganzen Tamtam. Mee an der Praxis gesäit dat net onbedéngt esou aus, datt Kricher haut nach exklusiv tëschent Staaten ausgeféiert ginn, an zwar duerch hir Arméien. Kricher hautdesdaags sinn éischter kleng Affären, wou et net ëmmer esou kloer ass, wie grad géint wie kämpft. Mee dofir sinn et dann och vill méi komplex Saachen, déi sech net einfach esou léise loossen.

Den Georges Bush hat den 1. Mee 2003 jo e Speach gehalen, op engem Flugzeugträger, op deem hien als Passagéier vun engem Kampfjet gelant war, an am Hannergrond war eng grouss Banderole, op där "Mission accomplished" stoung. D'Invasioun vum Irak hat knapp zwee Méint virdrun ugefaangen. An dat, wat an de Joren duerno stattfonnt huet, do gëtt dann net onbedéngt vu Krich geschwat, mee vun Terrorakten oder Instabilitéit. An trotzdeem, och wann en amerikanesche President vläicht behaapt, datt de Krich eriwwer war, esou seet déi spezialiséiert Literatur awer de Contraire. A wéi de Machiavelli et scho sot, engem Krich setzt ee kee Een, wann een et wëllt, mee wann een et kann.

Am Wikipedia-Artikel steet, datt de Krich am Irak 2011 opgehalen huet, nodeem d'USA hir lescht Kampftruppen ofgezunn hunn.

Gutt, wéini war dann elo Krich? Am Fréijoer 2003? Oder vun 2003-2011? An, am Fong, elo mat deene ganze Geschichten a Syrien, oder mat dem IS, do kann ee sech och d'Fro stellen, op de Krich net vläicht einfach e bësse ronderëm gewandert ass, amplaz opzehalen. Krich ass net begrenzt op grouss Schluechten, an deenen Dausende vu Leit am Laf vun e puer Stonnen oder Deeg stierwen. Krich kann och anescht gesi ginn als eppes, wat lues viru sech hindëmpelt a geographesch relativ diffus ass. An et ass och dofir, firwat et schwéier ass, ob d'Fro ze äntweren, ob mer am Krich sinn, oder net. Dat hänkt vill vun der Aart of, wéi ee Krich dann elo definéiert.

Gerechte Krich

Gutt, déi nächst Fro, déi sech stellt, ass natierlech déi, wéini een da moralesch gesinn iwwerhaapt d'Recht huet, Krich ze féieren.

Ee vun de méi bekannte modernen Denker vun der Fro vum gerechten Krich dierft wuel den Michael Walzer sinn. A sengem Buch "Just and Unjust Wars" vun 1977 huet hie sech mat der Fro auserneegesat, an ech inspiréiere mech bei deem, wat elo kënnt, och vill un deem Wierk.

An normalerweis ginn do dräi Froe gestallt: Éischtens: Wéini däerf ech Krich féieren? Zweetens: Wat däerf ech am Krich maachen? Drëttens: Wéi muss ech mech par Rapport zum Verléierer verhalen, wann ech e Krich gewonnen hunn?

Also, ganz resüméiert gesäit et esou aus: Wéini däerf ech Krich féieren? Mee just fir mech ze verteidegen oder fir humanitär Zwecker. An dann am beschte just mat fräiwëllegen Zaldoten a wann eng kloer Gefor - dat heescht, net just e Verdacht op Massevernichtungswaffen, zum Beispill - besteet.

Wat däerf ech am Krich maachen? Esou wéineg Schued wéi méiglech oder néideg verursaachen - keng kulturell Ziler bombardéieren, also - a wann de Feind bis kampfonfäeg ass, da muss d'Gewalt ophalen. Fräi nom Motto "Et schléit ee keen, deen um Buedem läit".

Wat si meng Flichten nom Krich? De Gewënner muss d'Verantwortung fir d'Sécherheet vun de besiegte Länner iwwerhuelen, bis déi erëm fäeg sinn, sech selwer ze administréieren an d'Sécherheet vun hiren Bierger ze garantéieren.

Gutt, dat kléngt alles relativ naiv, well am Krich jo och emol Gefiller matspillen an net just déi eniichter Vernonft, a "Saache passéieren". Esouguer wann e Land géif probéieren, seng Kricher esou ze féieren, datt se moralesch vertrietbar sinn, ass awer dacks de Problem do, datt d'Theorie de Kontakt mat der Realitéit net iwwerlieft.

Da stellt sech och nach d'Fro, ob dat am Endeffekt iergendeen interesséiert. Wann ech mäi Krich als moralesch oder gerechtfertegt verkaf kréien, da kann et jo och egal sinn, ob en et wierklech ass. An u Beispiller vu Kricher, déi mat enger Ligen ugefaangen hunn, do brauch een net laang ze sichen.

Fazit

Steet den Drëtte Weltkrich dann elo virun der Dier? Ech sinn do e bësse méi skeptesch. Mee ech gesinn net an d'Käpp vun den eenzele Politiker eran, nach kann ech Iech soen, op sech hanner all deem eng koherent Theorie verstoppt, oder "Saache passéieren". Mee dat verhënnert net, datt mir eis selwer mat deene Froen, déi ech lo erwäänt hunn, emol kënnen auserneesetzen. Net just, well se u sech interessant sinn, mee och, well se relevant kënne sinn, wa mer d'Aktualitéit verstoen wëllen.

Et stellt sech awer och nach eng aner Fro, déi elo iwwer dat erausgeet, wat virun zéng Deeg passéiert ass, nämlech d'Fro, op Krich en Ausnamezoustand ass, oder d'Norm. Well am Laf vun der Geschicht war Krich eppes, wat ëmmer present war. Wat soen ech, esouguer bei verschidden Déiere fënnt een esou eppes wéi Krich, z. B. bei de Schimpansen oder de Seechomessen. Et ass am Fong eréischt zanter der Moderne, datt Staaten dauerhafte Fridde schéngen ze sichen. Bon, wann een d'Geschicht vu West-Europa zanter dem Napoleon kuckt, huet dat relativ gutt geklappt, et huet méi laang Fridde geherrscht wéi Krich. Mee op der anerer Säit, wann et geknuppt huet, dann esou richteg.

An dat schéngt e Problem vun der mënschlecher Natur ze sinn. De Mënsch huet Emotiounen a Gefiller, a Konflikter sinn doduerch net ze vermeiden, woen ech emol ze behaapten. An do kann ee sech da froen, ob et méiglech ass, duerch Erzéiung, Educatioun a Solidaritéit, déi mënschlech Natur esou ze kanaliséieren, datt Fridden en Dauerzoustand ka sinn, oder eben net.