Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Leiden a vu Leidenschaften

Prisma

Vu Leiden a vu Leidenschaften

D'Wuert Passioun kennen a gebrauche mer an ënnerschiddleche Kontexter. Am alldeegleche Gebrauch schwätze mer zum Beispill vun engem passionéierte Museker, Kënschtler oder Sportler, wann een engem Hobby oder enger Tätegkeet mat grousser Passioun nogeet. An och wann ee sech staark zu engem anere Mënsch higezunn fillt, benotze mir dëse Begrëff. Kuckt ee sech awer d'Originn an d'Definitioun vu Passioun un, da stéisst een op d'Wierder Leiden a Krankheet. An och am Chrëschtentum steet Passioun fir de Leidenswee vu Jesus Christus an den Doud. Wat fir eng Aart Leiden ass dann elo gemengt? A féiert eng Leidenschaft automatesch zum Leiden?

auto_stories

6 min

D'Ouschtervakanz ass gläich eriwwer, den Ouschterhues ass laanscht an d 'Ouschtereeër sinn sou lues all giess. Mee wat ass eigentlech nach esou mat dëser Zäit verbonnen? Kuckt ee wat Ouschtere bedeit, sou fënnt ee meeschtens d 'Bedeitung Festum paschale oder och pascha, wouhier iwwregens och mäin Numm, Pascale, staamt. Zu Ouschtere feieren d 'Chrëschten d'Operstoung vum Jesus Christus. E ganz besonnescht Fest am Chrëschtentum, well sou fänkt op Ouschter-Sonndeg d'Freedenzäit un - an zwar nom Leiden a Stierwe vu Jesus Christus.

An dësem Zesummenhang gëtt och vun der Passioun Christi geschwat. Dir erënnert iech vläicht nach un de Film "Die Passion Christi" vum Mel Gibson, den déi lescht Stonnen am Liewe vum Jesus op immens gewalträich Aart a Weis probéiert no ze stellen - e Leidenswee, den ee kaum konnt oder wollt mat ukucken.Eng Duerstellung vum Mënsch a senger bestialescher Grausamkeet, voller Gewalt an Haass, awer och a senger déifster Verwonndbarkeet a senger Fäegkeet, Leed ze erdroen. Ech si kee Reliounswëssenschaftler, sou datt ech de bibleschen Hannergrond elo net weider beliichte wäert. Et geet mir och méi ëm de Begrëff "Passioun" a seng Bedeitungen.

Bedeitunge vum Wuert "Passioun"

Sicht een dat Wuert no, sou fënnt een, nieft der Passioun Christi, direkt méi Bedeitungen, déi sech souguer ze widdersprieche schéngen. Fänke mer bei der méi alldeeglecher an eis geleefeger Bedeitung un. Schwätze mir vun enger Passioun, sou menge mir virun allem eng grouss Leidenschaft fir eppes Bestëmmtes. Zum Beispill bezeechne mir e Sportler als passionéiert, wann en säi Sport mat enger aussergewéinlecher Begeeschterung ausüübt, déi iwwert en normalen Hobby erausgeet an e sech dësem komplett consacréiert. Dat selwecht gëllt fir e passionéierte Museker, Kënschtler oder e Sammler.

Eng weider Bedeitung fanne mer am Kontext vun der Léift: Hei zeechent sech Leidenschaft doduerch aus, dass een sech besonnesch hefteg zu engem anere Mënsch hi gezu fillt a wann een seng Gefiller net méi kontrolléiert kritt. Et gëtt een also vu sou staarke Gefiller ergraff, dass een sech deenen einfach hi gëtt a komplett irrational handelt. Sou leidenschaftlech Liebesgeschichte begéine mer oft a Filmer oder Romaner, déi awer an de meeschte Fäll keen Happy End hunn. Sou gëtt aus enger Leidenschaft oft e grousst Leiden.

Woubäi mer dann och bei der eigentlecher Bedeitung vum Wuert "Passioun" ukomm sinn. Dat laténgescht Wuert Passio heescht iwwersat Leiden, Krankheet oder och Erdulden. Fir rëm zeréck op d'Passioun Christi ze kommen, sou kënnt den Aspekt vum Leed, dat een iwwer e gewëssenen Zäitraum bis schliisslech zum Doud iwwer sech ergoe léisst an erduld, ganz gutt zum Virschäin. An heimat verbonnen och den Aspekt vun der Erléisung vum Leed.

Méideitegkeeten

Hu mer et dann elo tatsächlech mat engem Begrëff ze dinn, den zwou sech widderspriechend Bedeitungen opweist oder hänken Leidenschaft a Leiden awer méi enk zesummen, wéi een op den éischte Bléck unhuele kann?

Ech hunn et schonn ugedeit. Leidenschaftlech Libesgeschichten a Filmer oder Romaner beweegen sech meeschtens no un der Grenz zum Wansinn, endegen am Chaos a féieren zum Leed oder souguer zum Doud. An och plädéiere säit jee déi grouss Philosophe fir eng Kontroll iwwer seng Passiounen an Affekter. Virun allem an der anticker Philosophie bei de Stoiker, awer och beim Platon stellt d'Beherrsche vu senge Leidenschaften e Liewenszil duer. Glécklech ass den, den vernënfteg an tugendhaft ass.

"Ach, ihr vernünftigen Leute! [...]Leidenschaft! Trunkenheit! Wahnsinn! Ihr steht so gelassen, so ohne Teilnehmung da, ihr sittlichen Menschen!" seet eis dogéint de Werther, de Protagonist am Goethe sengem Roman "Die Leiden des jungen Werthers", den sech schliisslech um Enn d'Liewen hellt. Dëst Zitat geet op eng hëtzeg Diskussioun iwwert Selbstmord tëscht dem leidenschaftleche Werther an dem vernünftegen Albert zeréck.

D'mënschlech Natur huet hier Grenzen a ka just bis e bestëmmte Grad Freed a Leed erdroen, sou de Werther. Ginn seng Leidenschaften ze grouss, sou zehren se de Mënsch op an e kann se net méi erdulden. Et schéngt, wéi wann et mat der Stäerkt vun den Affekter zesummenhänkt, onofhängeg, ob et sech em staark positiver oder negativer handelt. Riskéiert dann e passionéierte Mënsch éischter, och méi staark ze leide wéi Mënschen, déi hier Leidenschafte kontrolléieren?

Leed beim Arthus Schopenhauer

Interessant ass an dësem Kontext och den Arthur Schopenhauer, den a sengem Haaptwierk "Die Welt als Wille und Vorstellung" d'ganzt Liewen als Leide bezeechent, well de Mënsch engem permanente Wëllen a Striewen no Befriddegung ënnerläit, awer ni endgülteg befriddegt a glécklech ka ginn. Egoismus, Haass, Grausamkeet a Krich sinn Ausdrocksforme vun dësem Wëllen, den u sech d'Wiese vun all Liewensform ass. Allerdéngs kann een awer och vun dësem Leed erléist ginn, andeems een den Ursprong vum Leed erkennt an dat permanent Wëllen a Striewen an der Praxis opgëtt. An dozou gehéiert och d'Befriddegung vun den elementare Grondbedierfnesser wéi d'Ernierung.

De Schopenhauer schwätzt a sengem Wierk ëmmer erëm vu kompletter Askees an ernimmt als Beispill d'Figur vum Hellegen, déi en souwuel an asiatesche Relioune wéi och am Chrëschtentum virfënnt. De Schopenhauer ënnerscheet awer hei ganz däitlech tëscht engem, wéi hien et nennt, gewéinleche Selbstmord an dem fräiwëlleg gewielten Hongerdoud vum engem Asket. Fir hie leit e Mënsch, den sech d'Liewen hellt, un senge Liewensbedingungen, wärend den Asket oder Hellegen d'Wuerzel vum Leed verneint, nämlech d'permanent Striewen no der eegener Befriddegung. De fundamentalen Ënnerscheed, dee fir de Schopenhauer wuel hei virläit, ass, dass net nëmmen dat eegent Leide Motiv ass, mee d'Leiden an der Welt, un der Welt a mat der Welt, bedéngt duerch säi Wiesen, de Wëllen. Ass déi Verneinung vum Wëllen zum Liewen agetrueden, sou erduld de Mënsch säi Leiden an d'Stierwen, an et trëtt Rou a Séilegkeet an: "Komm, süßer Tod, komm selge Ruh!"

Mir wäerten elo keng universell Äntwerten op all dës Froen fannen, sou wéi dat oft de Fall ass bei Froen vu philosophescher an existenzieller Natur. A schwätze mer vu Leidenschaften, Leiden an Erdroen oder Erdulden vun deenen Passiounen, sou ass dat sécherlech och ganz individuell a perséinlech. Genéisst nach de leschten Dag vun der Ouschtervakanz, der sou genannter Freedenzäit an Zäit vun der Hoffnung!