Radioen

On air

Notturno  |  Marcus Marr - Familiar Five

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virtuellen Anatomiedësch op der Uni Lëtzebuerg

Medezin

Virtuellen Anatomiedësch op der Uni Lëtzebuerg

Am September d'nächst Joer geet et lass mam neie Medezinsbachelor op der Uni Lëtzebuerg. An dobäi soll innovéiert ginn. D'Studente kréien nämlech d'Méiglechkeet Läichen op engem virtuellen Anatomiedësch ze sezéieren.

auto_stories

3 min

Den virtuellen Anatomiedësch erméiglecht eng 3D-Animatioun vum mënschleche Kierper. Elo scho steet esou en Dësch an der Maison de Savoir um Belval. Déi liewensgetrei Läich kann an héijer Opléisung ënnerschiddlech Charakteristiken unhuelen a virtuell ouni Aschränkungen erfuerscht ginn. An duerch en Touchscreen ka se mat engem Fanger bedéngt a sezéiert ginn. De Gilbert Massard, Direkter fir d'Medizinausbildung op der Universitéit Lëtzebuerg erkläert:

"Par Rapport zu engem Anatomiesatlas huet een hei ebe justement d'Méiglechkeet, d'Saach d'3-dimensional ze gesinn. Et kann een d'anatomesch Preparatioun an alle Richtungen dréien, och datt ee wierklech all Relatioun gutt versteet. Et kann ee Gefässer dobäisetzen an ewechhuelen. Nerven dobäi- an ewechhuelen. Et ass also eppes ganz Interaktives."

Ënner anerem géif de virtuellen Anatomiedësch et erméiglechen, déi verschiddenst Krankheeten ze ënnersichen. Doduerch kéinten och d'Doudesursaache vu Läichen erfuerscht ginn, oder gesond Organer mat kranken Organer am Kierper verglach ginn, sou de Gilbert Massard.

Eng virtuell Dissektioun

De virtuellen Dësch hätt awer nach aner Virdeeler am Verglach zu enger richteger Läich:

"Den Dësch kann ee mat an den Auditoire huelen, an da kann de Professer den Dësch benotze fir säi Kur ze maachen. An da gesäit et aus, wéi wann en eng Dissektioun un engem Kadaver géing maachen, mat dem Avantage, datt et op de groussen Ecran projezéiert ass, an all Mënsch däitlech gesäit, wat leeft. Da fir d'Studenten, wa si eleng praktizéieren, kënne si Teste maachen, déi si schonn am System virgesinn, déi kënnen d'Professeren natierlech dann och bësselchen anescht gestallten, wou hien dann eng Rei anatomesch Strukturen identifizéieren a kucke kann, op een déi Saach verstanen huet."

De virtuellen Anatomiedësch gouf vun der d'Universitéit fir ronn 150.000 Dollar kaaft. Dat géif no vill klengen, wier awer op laang Dauer e méi rentabelen Investissement wéi wann ee misst e klassesche Anatomieslaboratoire ariichten, esou de Medizindirekter Gilbert Massard.

De Vize-Dekan vun der Fakultéit fir Wëssenschaft, Technologie a Kommunikatioun, Serge Haan, erkläert, wéi déi ronn 25 Studenten am zweeten an drëtte Joer vum neie Medezinsbachelor den Anatomiesdësch an Zukunft notze kéinten.

"Am zweeten, drëtte Joer, well mir relativ wéineg Studenten hunn am Verglach zu anere groussen Unien, kënne mir d' Studente vill méi mat sou enger neier Technologie och schaffe loossen, an dat ass da wierklech en däitleche Plus fir d'Studente selwer. Datt si de Contenu einfach besser verstinn, datt si méi d'Méiglechkeet hunn, dat wierklech am Dräidimensionalen ze verstoen."

Ëm eng richteg Läich kënnt een net laanscht

Eng richteg Läich kéint de virtuellen Anatomiedësch natierlech net ganz ersetzen, dat seet den Frederic Schwarz, President vun der Associatioun vun de Medezinsstudenten ALEM. An awer géif hien et als e grousse Mehrwert fir d'Anatomie gesinn:

"Well een einfach d'Méiglechkeet huet, direkt dann nach seng Biller dobäi ze gesinn - vu sengem CT, vu sengem IRM, etc - wat extrem vill eigentlech bréngt. Ech mengen, dat ass definitiv wou et elo an Zukunft higeet. Et gett ëmmer méi op Unien domat geschafft, well et einfach vill méi liicht ass, d'kann ee vill méi domat maachen. 't ass halt net, datt een duerch eng Läich limitéiert gëtt, mee et kann ee souvill dissektéieren, wei ee well a wéini ee well."

Et wier eng gutt Méiglechkeet als Student vill an dacks ze üben, éier een op de richtege Mënsch lassgelooss gëtt, esou de President vun de Lëtzebuergesche Medezinsstudenten.

Fir Gruppenaarbechte kéint den Dësch zwar benotzt ginn - gläichzäiteg un der virtueller Läich sezéiere wier awer bis elo nach net méiglech.