Caroline Döhmer: Mir fänke mat engem Theema un, dat mech a menger Fuerschung schonn zanter néng Joer begleet: Verbcluster.
Simon Larosche: Verbcluster. Wat ass dat dann?
Dat ass ganz einfach ausgedréckt, wann d'Verben am Saz zesummegedretscht ginn, se clusteren dann openeen. E Verbcluster eeben.
A wéini ass dat de Fall?
Dat geschitt bei den Niewesätz. Also am Haaptsaz hunn ech:
- Hatt huet e Kuch gebak.
Am Niewesaz gëtt dat:
- ... datt hatt e Kuch gebak huet.
Hei rëtschen d'Verbdeeler all no hannen am Saz a bilden do e Verbcluster. En plus gëtt d'Reiefolleg vum Verb ëmgedréit. Beim Haaptsaz hate mer "huet ... gebak" an am Niewesaz "gebak huet".
Wéi ech dech kennen, ass dat awer bestëmmt nach net alles!
Nee, dat Bescht kënnt am Fong, wann een d'Verbtyppen analyséiert. Bei zesummegesaten Zäite mat "hunn" oder "sinn" hu mer effektiv ëmmer de Fall, wéi en hei beschriwwen ass: d'Hëllefsverb (hunn/sinn) an de Participe passé (gebak) stinn am Haaptsaz vir an hannen am Saz (se bilden déi sougenannt Verbklamer) an d'Hëllefsverb steet als éischt. Am Niewesaz dréit sech d'Reiefolleg ëm a se stinn um Enn vum Saz niefteneen.
Spannend gëtt et awer bei de Modalverben!
So mir wgl. nach eng Kéier, wéi eng dat genee sinn.
Dat sinn dës Verben: kënnen, sollen, däerfen, mussen a wëllen. Déi hu speziell Fäegkeeten. A beim Verbcluster am Niewesaz heescht dat, datt se eng variabel Stellung hunn. Bleiwe mer mol bei eisem Bake-Beispill:
- Haaptsaz: Hatt wëllt e Kuch baken.
- Niewesaz: ... datt hatt e Kuch bake wëllt (hei sinn d'Verbdeeler vertosch, wéi bei "gebak huet")
- oder: datt hatt e Kuch wëllt baken. (d'Verbdeeler stinn hannen, mee mat enger anerer Reiefolleg)
- oder nach eng Variant: datt hatt wëllt e Kuch baken (hei steet den Objet nach tëschent de Verbdeeler, d'Modalverb ass ganz no vir gerëtscht)
An dat maache just d'Modalverben?
Et sinn d'Modalverben an dann nach d'Hëllefsverbe fir de Konjunktiv "géif, géing" an och d'Hëllefsverb "wäert". Also hei fanne mer och verschidde Verbstellungen am Niewesaz:
- Haaptsaz: Hie géif e Kuch baken. (Ech huelen elo mol e männleche Pronomen, fir net sexistesch ze sinn an der Kichen!)
- ... datt hien e Kuch bake géif.
- ... dat hien e Kuch géif baken.
- ... datt hie géif e Kuch baken.
An d'Verbstellung kann och einfach wiesselen?
Jo, do kann een natierlech grammatesch Facteuren definéieren an dat da statistesch testen.
Wat ass dann am heefegsten?
Ech hunn do divers Niewesätz a menger Recherche ausgewäert a sinn op déi follgend Resultater komm:
- Bei der Kombinatioun Modalverb mat Verb (Genre: wëllt baken) hat ech 448 Sätz. Do hu mer 82 Prozent Modalverb-Verb (wëllt baken) an 18 Prozent Verb-Modalverb (bake wëllt). Bei deenen 82 Prozent si knapp d'Hallschent esou opgebaut, datt d'Modalverb ganz vir am Niewesaz steet (wëllt e Kuch baken).
- Bei der Kombinatioun Konjunktivhëllefsverb mat Verb (Genre: géif baken) hat ech 230 Sätz. Do hu mer 87 Prozent Hëllefsverb-Verb (géif baken) an 13 Prozent Verb-Hëllefsverb (bake géif). Bei deene 87 Prozent si 26 Prozent esou opgebaut, datt d'Modalverb ganz vir am Niewesaz steet (géif e Kuch baken).
Dat ass besonnesch opfälleg, wann een dat mam Standarddäitsche vergläicht, well et op dëser Plaz kaum Variatioun gëtt. Hei wier et ëmmer: ... dass er einen Kuchen backen würde, backen möchte asw. Hei wier déi ëmgedréit Stellung falsch, déi grad am Lëtzebuergeschen den Haaptdeel ausmécht (mat déck iwwer 80 Prozent). An den däitschen Dialekter fanne mer do allerdéngs nees méi dat Muster, wat mer och am Lëtzebuergeschen hunn.
Also datt d'Verb no vir réckelt?
Genee. Da ginn et natierlech och Sätz, wou dräi oder souguer véier Verbe beieneekommen, mee dat muss ech dann eng aner Kéier erzielen, well do ginn et dann nach méi Kombinatiounsméiglechkeeten.