Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ VeLokal: Wéi wier et mat engem neie recykelte Velo?

Generator

VeLokal: Wéi wier et mat engem neie recykelte Velo?

Mam Vëlo duerch d'frësch Loft, eng schéi Virstellung nee? Dës Woch ass d'Wieder lo net esou de Must, mee et kommen nach vill schéin Deeg. D'Lara Bousch presentéiert iech eng Lëtzebuerger Initiativ fir gebrauchte Vëloe vu fréier a vun haut.

auto_stories

4 min

Lara: Moien Denis Tornare, du bass aktiv bei der asbl VeLokal, do dréint sech alles ronderëm d'Transportmëttel mat den zwee Rieder, an déi Vëloe sinn awer och e bëssen eppes Besonnesches.

Denis Tornare: Jo dat stëmmt, also VeLokal ass eng Plattform déi d'Ziel huet de Vëloen en zweet Liewen ze ginn. Dat heescht entweder hunn d'Leit doheem Vëloe stoen, déi se net méi benotzen, déi se wéilte verkafen a si hunn awer net onbedéngt Loscht, datt d'Leit bei si heem kommen oder sech mat deem Ganzen auserneen ze sëtzen. Da kënnen si eis de Vëlo bréngen a mir verkafen de Vëlo da fir d'Leit a mir huelen eng Kommissioun op deem Verkaf.

En aneren Deel ass awer och fir de Vëloen en zweet Liewen ze ginn. Dat heescht, mir kafe Vëloen op, déi mer da rëm oppäppelen, déi a bësse méi schlechtem Zoustand sinn an déi mer dann erëm verkafen. Dat heescht am Platz, datt déi Vëloen ewech geheit ginn, gi se nach eng Kéier benotzt.

Ee vun de Virdeeler, wann ee Second Hand keeft, ass, datt de Präis ass héchstwarscheinlech e bëssen en anere wéi wann een dat lo nei géif kafen oder?

Jo eis Präisser sinn tëschent 150 Euro, an esou e richteg deiere Vëlo wäerte mer dann ëm déi 500 Euro hunn. Obwuel d'Qualitéit vun de Vëloen nach ëmmer déi nämmlecht bléift. Wann ee lo e Stole Kader hellt, deen ass souguer no 30 oder 40 Joer nach ëmmer gutt. Wann een do gutt drop oppasst huet ee wierklech e Vëlo fir 20 Joer. Dat ass guer kee Problem fir déi nach méi laang ze halen.

Et ass fir mech ëmmer interessant, datt Leit net nei Vëloe kafen. E neie Vëlo bedeit jo och ëmmer nei Komponenten, nei Materialien, déi dra sinn. A Saachen ze huelen, déi et scho gëtt, déi leider normalerweis an d'Poubelle gelant wieren, déi erëm schéin ze maachen, gutt ze maachen. An doraus eppes ze maachen, wat och sécher ass fir d'Strooss.

Wann ech elo mat engem méi ale Vëlo oder méi engem neie Vëlo fueren, wat ass do de groussen Ënnerscheed? Fiert sech dat aneschters?

Ech menge schonn, datt et sech aneschters fiert. Also esou e moderne Vëlo ass deelweis, wann ee vun engem Coursevëlo schwätzt, vill méi reaktiv. Et huet ee vill méi Gäng, déi wiesselen och vill méi séier. Dat heescht et ass alles aneschters an awer: de stole Kader huet och eng gewësse Rigiditéit, mee en absorbéiert awer och déi verschidde Schocke vun der Strooss. Dat heescht et ass méi bequem domadder ze fueren an den Ënnerscheed ass wierklech minimal.

Ech hat lo nach viru kuerzem ee Reportage gesinn, tëschent engem top Vëlo a vun der nämmlechter Marken den éischte Präis Vëlo. An den Ënnerscheed ware mengen ech 10 Prozent am Ganzen tëschent der Leeschte vun deenen zwee Vëloe vum Coureur an dat ass just wann ee mat 100 Prozent fiert an dat maache mer jo quasi ni. Dat heescht, den Ënnerscheed tëschent engem méi eelere Vëlo an engem Neien ass wierklech minimal. Dat heescht, do kann ee mat engem eelere Vëlo gutt matfueren a mat moderne Vëloe gutt mathalen.

Et ass esou, datt dir jo net nëmme méi al Vëloen hutt. Dir hutt jo bestëmmt och e bësse méi nei Vëloen. Wat sinn dann esou déi verschidde Kategorië vu Vëloen, déi ee bei iech ka fannen?

Also dat geet wierklech vu méi ale Coursevëloen, bis e bësse méi eeler Stadvëloen, Mountainbike, Citybike, also am Fong wierklech all Vëlo. Also alles wat een sech ka virstellen, do hu mer een, zwee Modeller vun all Gréisst, déi mer kënnen ubidden.

Hues du d'Gefill, datt sech eppes an deene leschte Joren deet, datt ëmmer méi Leit Loscht hunn Vëlo ze fueren?

Also an deene leschte Jore géif ech net soen, mee an deene leschte Méint huet ee scho gemierkt datt vill méi Leit op der Strooss sinn, duerch déi ganz Kris, déi mer lo haten, an ech hoffen, datt déi Leit, déi sech lo e Vëlo kaaft hunn, och dobäi bleiwen, wann déi ganz Kris eriwwer ass, well ech mengen, et ass einfach e schéint Gefill dobaussen ze sinn un der fräier Loft an op eng aner Aart a Weis kënne vun A op B fueren, ze wëssen, datt een net dozou bäidréit, datt d'Ëmwelt verschmotzt gëtt an eben och do sou ka Spaass hunn.

VeLokal, fannt der zu Reiser an der grand rue Nummer 59, an op Facebook, wou et och eng grouss aktuell Auswiel ze gesi gëtt.