Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tornadoen och an eise Géigenden

Reen a Bou

Tornadoen och an eise Géigenden

Extrem Wiederevenementer ginn et iwwerall op der Welt, och bei eis. Just vergiesse vill Leit dat ëmmer erëm a fille sech an eisem klenge Lëtzebuerg virun de Gefore sécher. Dëst ass den zweeten Deel zum Thema Tornadoen - dës Kéier mat e puer markanten Evenementer aus den USA, Däitschland a souguer aus eiser Ëmgéigend.

auto_stories

6 min

De Philippe Ernzer erkläert d'Wieder a Wiederphänomener. Foto: Archiv

Mir fänke mam sougenannten Tri-State Tornado un. Et handelt sech dobäi ëm en Tornado, deen den 18. Mäerz 1925 duerch dräi US-Bundesstaate gezunn ass - Missouri, Illinois an Indiana. De Stuerm huet eng Streck vun 352 Kilometer zréckgeluecht a gouf op der Fujita Skala als F5 Tornado agestuuft. Dëst entsprécht Wandvitesse vu 419 bis 512 km/h.

En huet sech mat enger Vitess vun duerchschnëttlechen 100 km/h viru beweegt. D'Evenement huet ongeféier fënnef Stonne gedauert an huet an där Zäit 747 Doudesaffer gefuerdert. 2.298 Persoune goufe blesséiert. De Schued an den dräi Bundesstaate beleeft sech op ëmgerechent 1,5 Milliarden Euro.

De breetsten Tornado, deen et bis ewell gouf

E weidert Extrem-Beispill huet sech den 31. Mee 2013 am Bundesstaat Oklahoma ofgespillt. Géint sechs Auer owes hirer Zäit huet sech 13,4 Kilometer west-südwestlech vun der Stad El Reno en Tornado forméiert, deen an Zäit vu wéinege Minutten de breetsten an der ganzer Geschicht sollt ginn. Normalerweis ass en Tornado just e puer wéineg Meter, heiansdo och e puer 100 Meter breet - dësen huet awer alles, wat bis ewell do war, getoppt.

Zur Zäit vun der héchster Intensitéit konnt eng maximal Breet vu 4,2 Kilometer festgestallt ginn. Fir e bëssen eng Virstellung vun der Gréisst ze kréien, hei ee Beispill. Wier den Tornado mat sengem Kär iwwer den Zentrum vun eiser Haaptstad gezunn, da wier dëse sou breet gewiescht, datt souguer ënner anerem Beggen, de Findel, Hamm, den Houwald, Gaasperech, Zéisseng a souguer Stroossen nach an der Haaptzirkulatioun vum Tornado gewiescht wieren. Dat selwecht Beispill mat Ettelbréck: souguer Feelen, Colmar Bierg an Deeler vun Dikrech wieren ëmmer nach matten dran gewiescht.

Enorm Wandvitessen

Deen also breetsten Tornado, deen et bis ewell op der Äerd gouf, huet an Zäit vu 40 Minutten eng Streck vu 26,1 Kilometer zréckgeluecht. Déi héchst gemoosse Wandvitess louch bei 486 km/h - déi zweethéchst jeemools gemoosse Wandvitess op der Welt.

De Stuerm ass glécklecherweis gréisstendeels iwwer Felder ewechgezunn, soudatt et zu vergläichsweis wéinegen Affer koum. Aacht Leit sinn ëmkomm, 151 Persoune goufe blesséiert. Den ugeriichte Schued louch bei 35 Milliounen Euro. Hätt de Stuerm sech eréischt méi spéit opgeléist, wier e méiglecherweis op gréisser Stied duergezunn.

Tornadoe ginn et och an eise Géigenden

Vum wäiten Amerika komme mir elo zeréck an eis Géigenden. Den 20. September 1982 huet e staarken Tornado d'Uertschaft Léglise an der Belsch, nëmme 15 Kilometer Loftlinn vun eiser Grenz ewech, getraff. Et ass dee stäerkste bekannten Tornado, deen an eiser direkter Ëmgéigend entstanen ass. Engem Zeitungsartikel vum Grenz-Echo no huet de Stuerm an Zäit vun zwou Minutten 80 Prozent vun der Uertschaft komplett zerstéiert.

Aenzeien no huet et nom Tornado esou ausgesinn, wéi wann eng Bomm ageschloe wier. Ganz Diecher goufen ofgedeckt, Haiser sinn deelweis wéi Kaartenhaisercher ëmgeblose ginn. Autoe louche queesch duerch d'Landschaft verdeelt an de Kierchtuerm gouf an dausende Stécker zerfatzt. Duerch Steng an Daachzillen, déi ronderëmgeflu sinn, goufen dräi Persoune blesséiert. De Schued ass deemools an d'Millioune gaangen. Den Tornado hat an der Moyenne eng Intensitéit vun F3 op der Fujita Skala, also Wandvitesse vun 254 bis 332 km/h. Verschidde Recherchen no misst de Stuerm och kuerzzäiteg d'Stäerkt vun engem F4 Tornado gehat hunn, wat Vitesse vun 333 bis 418 km/h entsprécht.

En F3-Tornado an der Äifel

Mir bleiwen a Mëtteleuropa. Am Mäerz vun dësem Joer, also virun e puer Wochen eréischt, ass e méisseg staarken Tornado iwwer d'Uertschaft Roetgen an der Äifel ewechgezunn. Diecher goufen ofgedeckt an 30 Haiser goufe beschiedegt. Enger éischter Estimatioun no gouf de Stuerm als F2 Tornado agestuuft. No weiderer an intensiver Recherche konnt déi korrekt Intensitéit op F3 ofgeschat ginn. Mat Wandvitesse vun iwwer 260 km/h goufen also Steng, Holzplaquen, Isolatiounsmaterial an aner Géigestänn duerch d'Loft gewirbelt.

E puer Deeg nom Evenement hunn ech d'Schneis vum Tornado zu Roetgen besicht an eréischt wann een dat Ganzt mat den eegenen Aen gesäit, gëtt engem bewosst, wat fir eng Kraaft hanner sou enger Naturgewalt stécht. Holzsplittere stouchen an de Fassadë vun den Haiser, e puer Mauere goufen einfach ewechgerass. Och d'Beem hunn e beandrockend Bild hannerlooss: D'Äscht ware gréisstendeels ronderëm de Bamstamm gewéckelt, aner Beem goufen einfach wéi näischt ëmgeknéckt an aus dem Buedem gehuewen. Dësen Tornado war just 52 Kilometer Loftlinn vun eiser Grenz fort.

E Multi-Vortex Tornado am Landkrees Rostock

E weidere méi staarke Fall gouf et de 5. Mee 2015 am Nordoste vun Däitschland zu Bützow am Landkrees Rostock. Tëschent 18:45 an 18:50 Auer huet sech un enger Superzell e sougenannte Multi-Vortex Tornado forméiert, also en Tornado mat e puer Wirbelen, déi um Buedem quasi "ronderëmdanzen". De Stuerm huet d'Uertschaft an Zäit vu wéinege Minutten duerchlaaf a ganz grousse Schued hannerlooss. Et goufe erëm ganz Diecher ofgedeckt a Beem souwéi Stroosseschëlter goufe wéi Fixspéin ëmgeknéckt.

Den F3 Tornado huet beispillsweis en Auto 70 Meter wäit fortgedroen, wat op Wandvitesse vun ëm 270 km/h hiweist. En huet eng Streck vun 13 Kilometer zréckgeluecht. De selwechten Dag sinn am selwechte Bundesland, Mecklenburg Vorpommern, mindestens fënnef aner Tornadoen entstanen. Een dovunner hat eng Intensitéit vun F2 an ass an der Géigend vu Groß Laasch entstanen.

Tornadoen zu Lëtzebuerg

Vun Nordostdäitschland komme mir schlussendlech zeréck op Lëtzebuerg. Och bei eis huet et scho méi dacks gerëselt. Zanter 2003 goufen 30 Tornado-Verdachtsfäll registréiert, fënnef dovunner souguer confirméiert.

Ee vun de confirméierte Fäll ass den Tornado vum 28. Juli 2012, deen iwwer Deeler vu Wäisswampech am héijen Norden ewechgezunn ass. E war een vun der schwaacher Zort - e gouf als F1 klassifizéiert an huet Wandvitesse vun 118 bis 180 km/h produzéiert. En ass un enger normaler Schauerzell entstanen an huet sech soumat am Ree verstoppt, och nach "Rain-wrapped Tornado" genannt. De Schued war net all ze grouss. E puer Diecher goufe liicht beschiedegt.

Schwaach Tornadoen ...

Den nächste Fall ass vum 8. August 2014. Am Norde vum Land, zu Munzen an och zu Näidsen, hu sech direkt zwee schwaach Tornadoe forméiert. Een dovunner, deen bei Näidsen, huet kaum Schued hannerlooss. Dee vu Munzen huet eenzel Diecher beschiedegt an ausserhalb vum Duerf den Daach vun enger Scheier ofgedeckt.

Zu Minsbech war den 23. Februar 2015 e ganz schwaacht Exemplar ënnerwee. Den Tornado hat just eng Intensitéit vun F0 an huet mat senge Wandvitesse vu 63 bis 117 km/h just eenzel Äscht an engem Bësch ofgebrach.

... mee och en F1-Tornado

Een vun den interessantste Fäll zu Lëtzebuerg hate mir de 16. September 2015. Deen Dag huet dräi Tornado-Verdachtsfäll mat sech bruecht, zwee dovunner konnte confirméiert ginn. En F1 Tornado war zu Recke bei Miersch aktiv an huet d'Diecher vun e puer Scheieren ofgedeckt an iwwer gréisser Distanzen ewechgedroen. En Holzschapp soll souguer 200 Meter wäit fortgedroe gi sinn.

35 Minutten duerno huet sech e weideren Tornado an der Géigend vu Colmar-Bierg entwéckelt. E koum aus Richtung vu Biissen an huet op sengem Wee fir gréissere Schued gesuergt. Am Stade Grand-Duc Henri goufe Bänke mat de Bëtong-Sockelen aus hiren Halterunge gerass an zerstéiert. Beem, déi ëmgefall waren, louchen um Spillfeld.

Dës ware just e puer vun de confirméierten Tornado-Fäll hei zu Lëtzebuerg. Déi tatsächlech Unzuel bei eis am Land ass allerdéngs onbekannt. Wann en Tornado entsteet, da befënnt dëse sech duerch déi vill Felder a Bëscher meeschtens iwwer engem Gebitt, wou seng Präsenz net besonnesch opfält. Tornadoe sinn e feste Bestanddeel vun eisem Wieder, ginn awer leider gäre verharmloost. Eleng an Däitschland entstinn all Joers 30 bis 60 Tornadoen.