Gezeechent Tillie Walden: Are You Listening?

Zwou Fraen, d'Bea an d'Lou, maache sech zesummen op de Wee, obwuel si sech kaum kennen. D'Bea ass en Teenager, deen, wéi et ausgesäit, vun doheem fortgelaf ass. D'Lou ass 27, Mecanicien a probéiert den Doud vu senger Mamm ze verschaffen. Ënnerwee entwéckelen déi zwou Figuren, iwwer déi een insgesamt net vill gewuer gëtt, eng déif Frëndschaft, vläicht souguer eng Léift.

Jeff Thoss / cz

are you listening - Tillie Walden

Zwou Fraen, d'Bea an d'Lou, maache sech zesummen op de Wee, obwuel si sech kaum kennen. D'Bea ass en Teenager, deen, wéi et ausgesäit, vun doheem fortgelaf ass. D'Lou ass 27, Mecanicien a probéiert den Doud vu senger Mamm ze verschaffen. Ënnerwee entwéckelen déi zwou Figuren, iwwer déi een insgesamt net vill gewuer gëtt, eng déif Frëndschaft, vläicht souguer eng Léift.

Der jonker Zeechnerin Tillie Walden hir Graphic Novel ass e Wierk vu magesche Realismus. D'Figuren si psychologesch glafwierdeg, mee d'Welt ronderëm gëtt ëmmer méi fantastesch. Dat mierkt ee spéitstens, wann d'Bea an d'Lou eng Kaz fannen, déi si wëllen an hir Heemechtsuertschaft zeréckbréngen, déi einfach just West heescht. Donkel Gestalte verfollege si op eemol, wärend d'Landschaft ëmmer méi surreal gëtt a sech virun hiren Ae bedreelech verwandelt.

Grafesch ass dat virtuos ëmgesat, well och d'Panelgrenzen zerfléissen a sech erëm nei zesummesetzen, an een heiansdo zweemol muss kucken, éier ee weess, wat ee gesäit. Och déi blo-pink-brong Faarfpalett dréit zur Drama-änlecher Atmosphär vum Comic bäi. Déi baussecht Rees ass hei och eng bannescht a féiert déift an d'Figuren eran. D'Tillie Walden mécht et sech op Plazen ze einfach, andeems si wéineg erkläert.

"Mee Are You Listening?" iwwerzeegt, well de Comic vill méi originell ass, wéi een op de éischten Ablack menge géif a vill Iwwerraschunge bereethält.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Cover_Indesfourbes
Gezeechent

Den Alain Ayroles (Zenario) an de Juanjo Guarnido (Zeechnungen) entwerfen eng Suite zu engem Klassiker aus der spuenescher Literatur, dem Quevedo säi Schelmeroman "El Buscón".

The report Filmkritik
The Report vum Scott Z. Burns

"The Report" ass natierlech keen "All The President's Men" a profitéiert och net vun der Ensembeldynamik vu "Spotlight", mee ass awer e seriö ze huelende Bäitrag, e Spigel iwwer d'Nowéie vun amerikanesche Politmechanismen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen