Filmfestival Cannes Tëschent Glamour a Misère

Cannes ass bekannt fir seng Croisette, Sonn, Plage, Luxus an den internationale Filmfestival. Manner bekannt ass d’Stad a Südfrankräich fir seng 535 Clocharden. Si hoffen och eppes vum Räichtum zu Cannes ofzekréien. D'Zuel vun de Leit ouni festen Doheem geet dofir am Mee fir de Festival staark an d'Luucht.

Maxi Pesch / fk

mustapha.JPG
De Mustapha an d'Roxane

Designer-Kleeder, Luxus-Yachten, Homarden, Schampes, Touristen, ronn 800 Polizisten an 350 Iwwerwaachungskameraen. Esou empfänkt d'Croisette zu Cannes déi ronn 200.000 Visiteure beim internationale Filmfestival. Mee de Kontrast ass grouss wann een iwwert de wuel wichtegste Filmfestival vun der Welt trëppelt. Tëschent de Filmer an de Kinossäll, déi bal alleguerten d'Aarmut an d'Gewalt an der Welt thematiséieren, an de Clocharden op der Strooss.

Net nëmmen d'Populatioun verdräifacht sech nämlech am Mee während dem Filmfestival. Och d'Zuel vun de Clocharde géif staark an d'Luucht goen, seet d'Directrice vum "Centre communal d'action sociale" zu Cannes, Elisa Letellier. "Ech mengen, datt de Filmfestival Heescherten et erméiglecht fir méi einfach op Cannes ze kommen."

Portrait vun engem Clochard

De Mustapha huet 52 Joer. Hie setzt direkt vis-à-vis vum Palais du Festival mat sengem Mupp an enger Fläsch roudem Wäin op enger Wiss. Seng Elteren hätten deemools keng Sue gehat fir him säi Psychologie-Studium ze bezuelen. Zënter 15 Joer géif hien elo op der Strooss liewen a vu Stad zu Stad goen. Säi Mupp heescht Roxanne. En Hommage un d'Lidd mam selwechten Numm vun der englescher Band "The Police".

Eelef Joer lieft de Mustapha zesumme mam Roxanne. Et dauert net laang, bis d'Police hien opfuerdert op eng aner Plaz ze goen. Op eng Plaz, wou si net vun de Leit vum Festival gesi ginn. Zum Beispill virun d'Post oder nieft d’Kierch.

Kontrast tëschent aarm a räich

Zënter 2013 ass den ëmstridden Arrêté géint d'Heeschen a Kraaft. Een Arrête, dee vum éischten Abrëll bis den 30. September a Kraaft ass. Während dësen Deeg dierfen opdränglech Heescherte vun aacht Auer Moies bis eelef Auer Owes op verschidde Plazen zu Cannes net biedelen, seet d'Elisa Letellier. "Et sinn natierlech virun allem Plaze wou vill Awunner an Touristen zirkuléieren."

De Kontrast tëschent aarm a räich wier zu Cannes am Gréissten, erkläert d’Elisa Letellier.

"2015 hu mir eng Analys vun de soziale Besoinen um Filmfestival gemaach. Dobäi ass erauskomm, datt et zu Cannes méi en héijen Taux vun Aarme gëtt, wéi um nationale Plang. Eppes iwwer 19 Prozent liewen zu Cannes ënner der Aarmutsgrenz. National gesi sinn et ronn 14 Prozent."

Cannes wier en internationaalt Duerf, seet d'Elise Letellier. Déi vill Manifestatioune wiere gutt fir d'Populatioun. Am Summer während dem Festival hoffen och d'Clocharden e puer Mënz oder eppes z'iessen ze kréie vun de räichen Touristen oder vun de Saisonsaarbechter. De Mustapha fënnt den internationale Filmfestival eng gutt Saach. "Et si sympathesch Leit, et sinn Touristen. Et sinn der, déi Suen op Cannes bréngen."

Bis op e puer Ausnahme wieren och d'Restaurateure sympathesch, seet de Mustapha. "Virun allem mat den Obdachlosen. All Kéier, wann ech aus engem Geschäft oder enger Bäckerei erausginn, kréien ech e Kaffi gratis offréiert."

Vill Obdachloser sinn scho gestuerwen

Trotzdem wiere vill vum Mustapha senge Kollegen scho gestuerwen.

"Well et waarm ass géif ee mengen, datt déi Obdachlos keen Honger méi hunn. Ech menge si hunn nëmmen am Wanter wéinst der Keelt Honger. Mee si wësse net, datt et och Obdachloser ginn, déi souguer am Summer stierwen. Well si deshydratéiert sinn a keng Kraaft hunn, well se näischt z'iessen hunn. A menge 15 Joer op der Strooss hat ech mat ville Leit ouni fixt Doheem ze dinn. Mee leider sinn der vill gestuerwen. Déi lescht Persoun hat 23 Joer."

Bis zu 70 Persounen kann dee vum Staat subventionéierte Centre communal d'action sociale zu Cannes pro Dag empfänken. 40 Leit schaffen do. D'Persounen ouni festen Doheem kënnen do Kaffi drénken, eppes iessen, sech wiermen oder d'Wäsch maachen, erklärt d'Elisa Letelliert. An der Nuecht kënne bis zu 15 Persounen am Foyer iwwernuechten. Iwwer 500 Clocharde wieren den Ament zu Cannes enregistréiert.

Leider géif net jidderee vun der Hëllef wëlle profitéieren, bedauert d’Directrice vum CCAS. "Leider ginn et Leit ouni fixen Doheem, déi ni enger Communautéit wëllen ugehéieren. Se liewe wierklech ganz op sech eleng gestallt a wëlle keng Hëllef."

Méi zum Thema

Okja1.jpg
Filmfestival Cannes

De südkoreanesche Film "Okja" vum Regisseur Bong Joon-ho huet zu Cannes um Filmfestival an der Haaptkompetitioun fir grouss Opreegung gesuergt, well e vun der Streaming-Plattform Netflix finanzéiert gouf.

Maxi-VR.jpg
Cannes Filmfestival

Virtuell Realitéit oder 360 Grad-Filmer sinn déi nei Vedetten dëst Joer um Filmfestival zu Cannes. D'Lëtzebuerger Filmindustrie wëll mat op den Zuch vun dësen neie Formen aus der Branche sprangen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen