Mir treffen de Jens an engem Fleegeheem am Norde vum Land. De 27 Joer jonken Infirmier schafft zanter e puer Joer hei a këmmert sech ëm demenzkrank Patienten. An deem Beruff géif een dacks u seng Grenze kommen, an domat misst ee kënnen ëmgoen, zielt hien. Dacks géif et och zu Handgräiflechkeete kommen.
Och an de Klinicke wier et net evident Infirmier ze sinn, zielt hien. Et géif dacks Zäitdrock ginn an et géif ëm d'Ofschafe vun Akte goen, an dowéinst wier dat näischt fir hien, zielt den Infirmier.
De Beruff besser unerkennen
Wéi laang kann dëse Beruff iwwerhaapt nach korrekt ausgeféiert ginn? D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt virun enger weltwäiter Penurie vun Infirmieren am Joer 2030, sollt sech näischt änneren. Grënn dofir wieren ënner anerem eng Populatioun déi méi al gëtt, déi muss gefleegt ginn, onattraktiv Aarbechtszäiten, mee och en negativen Image vum Beruff, erkläert de Jens.
Vill Leit géife mengen, datt een als Infirmier deen Anere just misst den Hënner ofbotzen, an dofir wier de Beruff an Däitschland vu ville Leit net gutt ugesinn. Et wier een awer quasi Therapeut, en hallwe Psycholog, mengt de Jens, well een déi intim Säite vun de Mënsche kenneléiert, d'Famill kenneléiert. "Et gëtt ee bal Deel vun der Famill." Dat wier et, wat de Beruff géif ausmaachen. De Jens wiert sech dogéint, datt de Beruff ze schlecht duergestallt gëtt.
Lëtzebuerg: Nach keng Penurie
Hei am Land gëtt et offiziell nach keng Penurie. Den Ament kommen op 1.000 Awunner 11,7 Infirmieren. D'Anne-Marie Hanff ass Presidentin vun der nationaler Associatioun vun den Infirmieren, der ANIL. Si definéiert d'Penurie anescht:
"An enger rezenter Etüd gouf gesot, et besteet keng Penurie well keng Servicer mussen zougemaach ginn. Dat war d'Definitioun. Mee mir kompenséieren d'Penurie den Ament awer eiser Meenung no. Et musse Leit aus dem Congé zeréckgeruff ginn. Et musse Leit an d'Ausland geschéckt ginn."
Et wieren zwar nach keng Servicer zougemaach ginn, mee et kéint een net all déi Patiente behandelen, déi ee wéilt, seet d'Anne-Marie Hanff.
Lëtzebuerg hänkt vum Ausland of
Dobäi kéim, datt Lëtzebuerg staark vum Ausland géif ofhänke fir genuch Fleegepersonal ze fannen. Offiziellen Zuelen no kënnt iwwer d'Hallschent vun den Infirmieren aus dem Ausland, de gréissten Deel aus den Nopeschlänner.
Dat wier geféierlech, mengt d'Anne-Marie Hanff, sollt sech iergendwann an der Politik eppes änneren. Och fir den Trafic wier dat ganz "schrecklech". Et géif een op e grousse Problem zousteieren, "wann nëmmen een Deel vun deene Leit net méi kënnt". An am Ausland géifen och ëmmer méi Leit wärend der Formatioun un hire Patron gebonne ginn.
Fäerdeg ausgebilt Leit ginn zeréck
Op der anerer Säit vun der Grenz huet een och e Problem domat. Lëtzebuerg kéim zwar deelweis fir d'Ausbildungsplazen an der Groussregioun finanziell op, esou d'Anne-Marie Hanff. D'Talenter, déi de Grand-Duché duerch héich Paien ulackelt, géifen hanner de Grenze feelen, erkläert de Pflegedirektor Jörg Mogendorf vun der Klinik vun de Barmherzigen Brüder zu Tréier.
Vill vun de Lëtzebuerger, déi zu Tréier eng Ausbildung kréien, géifen zeréck op Lëtzebuerg goen. Pro Joer géif ee sou dräi bis fënnef Leit verléieren. "Dat spiere mir", seet de Jörg Mogendorf, besonnesch bei Leit, déi sech spezialiséiert hunn.
D'Aart a Weis, wéi Talenter aus dem Ausland ugelackelt ginn, huet de Jens och selwer erlieft. Hie gouf och gefrot, ob Kolleege vun him net och wéilten op Lëtzebuerg schaffe kommen.
Fir d'Ausbildung an d'Ausland
Rezent hat den internationale Conseil vun den Infirmieren un d'Regierungen appelléiert, fir sech un e moralesch korrekte Rekrutementssystem ze hale fir der internationaler Penurie entgéintzewierken. Weider heescht et am Dokument, datt d'Länner hir eegen Ausbildungsplaze solle maachen.
En Challenge fir Lëtzebuerg, wou den Ament just 20 Prozent vun all den Infirmieren ausgebilt ginn. Et hätt een awer net d'Moyene fir all déi Leit auszebilden. Ënner anerem géife Proffe feele fir jiddwereen auszebilden.
Méi Ausbildungsplazen am Grand-Duché hätt awer och nach aner Virdeeler, erkläert d'Anne-Marie Hanff:
"Den Ament ass et schwéier eng Kultur oder e gutt Verständnis vun enger gemeinsamer Fleeg ze schafen. A wa Lëtzebuerg seng Leit selwer forméiert, da kënne si hinnen dat mat op de Wee ginn, wat si fir wichteg fannen. Wa mir mierken, oh mir hunn an deem Beräich e Problem, da kann een d'Schüler dorop sensibiliséieren. An do hu mir keen Afloss am Ausland. Wann een d'Schüler selwer zu Lëtzebuerg ausbilt, da kann een och d'Schüler mat den ënnerschiddleche Professioune vum Terrain a Verbindung bréngen."
De Koalitiounsaccord gesäit eng Spezialiséierung vun Infirmieren an der Geriatrie, der Noutfallmedezin an der Onkologie vir.
D'Sprooch als Erausfuerderung
Eng weider Erausfuerderung ass dem Jens no déi vill verschidde Sproochen, déi hei am Land geschwat ginn. Lëtzebuergesch géif a verschiddenen Haiser gefërdert ginn, wier awer net obligatoresch, erkläert d'Anne-Marie Hanff. Mëttlerweil géif souguer Englesch als intern Kommunikatiounssprooch benotzt ginn.
D'Weltgesondheetsorganisatioun huet d'Joer 2020 als dat vun den Infirmieren an den Hiewannen ernannt. Et soll hëllefen eng nei Visioun doriwwer ze bréngen, wat d'Fleegen an enger neier Ära bedeit. Fir datt och Infirmiere wéi de Jens net d'Flemm mat dësem Beruff kréien.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.