Simon Larosche: Gudde Moie Sam, kanns du eis erzielen, wat ee Sproochhistoriker iwwerhaapt mécht?
Sam Mersch: Gudde Moie Simon. D'Sproochgeschicht beschäftegt sech ganz einfach mat der Entwécklung vun der Sprooch am Allgemengen.
Et ënnerscheet een hei tëschent externer an interner Sproochgeschicht, woubäi awer nëmmen déi intern Sproochgeschicht Deel vun der Linguistik ass. Si beschäftegt sech mat sproochinterne Verännerungen, virun allem och mat Etymologie.
Etymologie - mengs du domadder, wou e Wuert hierkënnt?
Ganz konkreet jo, mee net nëmmen! Et muss ee sech den Ursprong ukucken, mee och de Wee vun der Entwécklung.
Et muss prinzipiell tëschent enger formaler an enger semantescher Etymologie ënnerscheet ginn.
Bei deem éischte kuckt een op d'Form, also wéi d'Wuert kléngt, a bei deem zweeten op d'Bedeitung.
Kanns de eis do vläicht e konkreet Beispill ginn? Virun e puer Wochen huet d'Caroline iwwer Wierder geschwat, déi mat Kn ufänke wéi Kniddel oder Knuet. Ech hat mech do nach gefrot, wat et mam "Knäip" op sech huet.
Ma d'Caroline hat jo erkläert, datt bei deene Kn-Wierder dacks eppes Gedruddeltes bezeechent gëtt, a sou ass et och beim Knäip. Ursprénglech war dat warscheinlech e Wuert, dat e klengt krommt Messer bezeechent huet.
Du mengs esou ee klenge Grompereknäip?
Jo, esou kéint et gewiescht sinn. Leider kann een do net ëmmer ganz sécher sinn.
Et gi jo keng Fotoen, déi esou al sinn, an et ginn och nëmme seelen archeologesch Beleeger, déi eis bei der Sproochgeschicht hëllefe kënnen.
Dofir muss een e Wuert ëmmer mat anere Varianten aus anere Sprooche vergläichen. Fält dir vläicht e Wuert aus enger moderner Sprooch an, dat e bëssen ausgesäit wéi d'Wuert Knäip?
Mengs du ieren knife am Engleschen? Och mat vir.
Jo, genau dat, just net "Kneif" geschwat.
Mee mir géingen knife jo awer éischter als "Messer" iwwersetzen.
Jo, genee. Knäip and knife, formal si se identesch, semantesch awer net honnertprozenteg. Wann een nëmmen déi zwee géif vergläichen, da kéint ee jo net decidéieren, wat da lo déi ursprénglech Bedeitung war.
Jo, mee wat méchs de dann do?
Et kuckt een einfach weider. Et fënnt ee bei ville germanesche Sprooche Wierder, déi formal a semantesch identesch si mam Lëtzebuergeschen. Genee esou ass et am Friseschen, am Hollänneschen an am Nordgermaneschen. Am Al-Islännesche gëtt et d'Wuert schonn als knifr a bezeechent e klengt Messer.
Dat heescht eist Wuert Messer ass en aalt Wuert oder wisou benotze mir dat?
Jo et ass al, mee net esou al wéi de Knäip. D'Wuert Messer koum eréischt am Mëttelalter op.
Et kann een et am beschte mam mëttelalterleche mezzi-sahsa vergläichen. Ee Sahsa, oder Sax, wéi et haut am Däitschen heesche géing, war ee klengt Schwäert a mezzi bezeechent d'Iessen. Deemno ass et eng Zort Schwäert, dat beim Iesse benotzt gouf. Déi Bezeechnung fir Iessen, also mezzi, fënnt een iwweregens och am ale Sächsesche Meti.
Mezzi, Meti, elo muss ech u Mettwurschten denken an da ginn ech hongereg.
Ma du laachs elo, mee d'Messer an d'Mettwurscht hunn eppes mateneen ze dinn. Den éischten Deel vu Mettwurscht, also Mett, ass dat selwecht, wat een och am Englesche meat fënnt.
Jo, mee dat heescht jo awer Fleesch an net allgemeng Iessen?
Déi Bezeechnung Fleesch ass awer net déi original. Nach am 15. Joerhonnert huet d'Wuert einfach nëmmen d'Iesse fir Mënsch an Déier bezeechent, genee wéi am ale Sächsesche Meti. Dës Wierder hunn eppes mam Wuert moossen oder Miessung ze dinn. Se bezeechnen eng Mooss oder éischter eng ofgemoosse Portioun.
Wëlls de also soen, datt d'Fleesch fréier rationéiert gouf?
Nee. Et ass éischter esou, datt d'Etymologie drop hindeit, datt d'Fleesch e relativ wichtegen Deel vum Iesse war, an datt et och gedeelt gouf.